arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fapsylux fuerdert méi héije Stonnentarif fir d'Psychotherapeuten- an Therapeutinnen

Psychotherapie

|
reading time

1 min

headphones

10 min

play_arrow

Fapsylux fuerdert méi héije Stonnentarif fir d'Psychotherapeuten- an Therapeutinnen

D‘Demande fir Psychotherapien ass immens geklommen, zanter datt se vun der CNS rembourséiert ginn. Dat seet d‘Catherine Richard, Presidentin vun der Federatioun vun de Psychotherapeuten (Fapsylux). D‘Waardezäite wieren entspriechend laang.

reading time

1 min

headphones

10 min

play_arrow

play_arrow Lauschteren

Tëschent 6 Méint an engem Joer kann et daueren, bis eng Persoun ee Rendez-vous fir Psychotherapie kritt, schätzt d‘Catherine Richard.

Si fuerdert ausserdeem, datt den Tarif pro Stonn eropgesat gëtt. Do wier si, wat d‘Verhandlunge mat der CNS ugeet, optimistesch. Vum Budget, deen d‘CNS sech fir mental Gesondheet virgeholl hätt, wiere bannent engem Joer keng 20 Prozent investéiert ginn. Dat heescht, de Budget wier do, esou d‘Feststellung vun der Catherine Richard.

Et kéint ee sech also iwwerleeën, ob een de Prozentsaz vum Remboursement bei Erwuessenen erop kéint setzen. Den Ament läit dee bei 70 Prozent. Bei Kanner iwwerhëlt d‘CNS 100 Prozent.