Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Presidentin vun der CCDH: “Ech hoffen, datt mir e bëssen d’Gewësse sinn”

Consultativ Mënscherechtskommissioun

Nei Presidentin vun der CCDH: “Ech hoffen, datt mir e bëssen d’Gewësse sinn”

Et wier “ganz ongewéinlech”, datt de Parquet sech esou ëffentlech äussert, an et wier “erschreckend” ze liesen, datt 110 Polizisten am Asaz si fir notamment géint d'Heescheverbuet virzegoen, an dowéinst hir eigentlech Aarbecht net kéinte maachen, esou déi nei Presidentin vun der CCDH, Noémie Sadler.

auto_stories

4 min

headphones

14 min

play_arrow
D'Noémie Sadler ass déi nei Presidentin vun der CCDH. (Foto: Jo Diseviscourt)

Déi jonk Affekotin Noémie Sadler ass zanter der leschter Woch nei Presidentin vun der consultativer Mënscherechtskommissioun. An déi huet aktuell vill Aarbecht, wéi déi nei Presidentin erkläert.

Ëffentlech Mandatsdréier mussen oppassen, wat se soen

Si begréisst, datt de Parquet sech per Bréif un déi zoustänneg Ministere geriicht huet, fir ze froen, datt d'Beamte vun der Police judiciaire erëm vun hirem aussergewéinlechen Asaz entbonne ginn.

Als Reaktioun op déi ëmstriddenen Aussoe vun den Deputéierte Simone Beissel a Marc Lies sot d’Noémie Sadler, et hätt ee bannent der CCDH d’Gefill, datt Politikerinnen a Politiker sech a leschter Zäit méi Fräiheeten huelen, fir ze soen, wat hinnen an de Kapp kënnt. Et wier awer wichteg, datt een als ëffentleche Mandatsdréier seng Wierder ofweit.

"Et ass de Vocabulaire, deen ee benotzt, och als ëffentleche Mandatsdréier, datt een do seng Wierder vill méi muss ofweien, wann do geschwat gëtt vu fidderen, oder Aussoe gemaach gi par rapport zu der Ethnie vu Leit, dat ass wierklech ganz bedenklech."

D'Noémie Sadler fënnt déi Aart a Weis, datt ee fir d'éischt eppes seet, a sech dann am Nachhinein entschëllegt, awer fir d'Form an net fir de Fong, bedenklech.

"Dat weist, datt mir ëmmer méi an eng Richtung ginn déi awer scho bedenklech ass, a wou d'CCDH dann och an den nächste Joeren awer och muss méi present si fir ze soen, datt mir déi Aart vun Discours net wäerten acceptéieren an och net wäerten hinhuelen. An do och ëmmer um Quivive si fir zu sou Aussoe Positioun ze huelen."

Méi Ressourcë fir d'CCDH: "Da wier eis vill gehollef"

D’CCDH misst an den nächste Jore méi present sinn fir ze soen, datt se déi Zort vun Discours net acceptéiert. D’Noémie Sadler huet iwwerdeems, grad wéi hire Virgänger Gilbert Pregno, och Wëlles, sech weider dofir anzesetzen, fir datt d’CCDH méi Moyene kritt.

"Eis Juriste maache wierklech eng immens impressionant Aarbecht an och eist Sekretariat. Mee et feelt eis einfach och do u Leit. Et kann een net ëmmer erwaarden, datt déi dann och souvill leeschten. Zumools zu Covid-Zäite war et wierklech ganz schwiereg mat den Avisen. Mir kruten se ganz spéit, dunn hu si effektiv missten owes a weekends doru schaffen an d'Memberen hunn dat da misste séier alles duerchliesen. Wann een do bëssi méi Leit hätt, méi Ressourcen, da wier eis och vill gehollef."

Eng Professionaliséierung vum President?

Zu hirer neier Roll sot si, si hätt sech dofir entscheet, mam Zil, eppes an der Gesellschaft ze beweegen. D'Noémie Sadler schwätzt och vun engem Generatiounswiessel un der Spëtzt vun der CCDH. Bis elo wier d‘Presidence ëmmer vu Pensionnairen assuréiert ginn. Zil wier awer och nach ëmmer, datt d‘CCDH enges Daags ee Beruffs-President, oder -Presidentin géif kréien.

"Also mir sinn op allefalls amgaangen drun ze schaffen, datt dee Poste vum President oder Presidentin professionaliséiert gëtt, mee dat dauert natierlech. Mir hu lo mol een Aarbechtsgrupp gegrënnt an dann diskutéiere mir d'Feinheete, well déi ganz Reform ass och net sou einfach. Et muss een och kucken, wéi een déi 21 Membere mat abënnt. An och wann ee professionaliséiert, do ginn et jo verschidde Formen. Wann et da souwäit wier, misst ech da kucken, ob een dat da ka mam Beruff vereenegen a wéi ee sech dee Moment géint entscheeden."

 

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft