Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lëtzebuerger Bauere wëllen der Regierung "elo mol eng Chance ginn"

Nach keng Bauereprotester hei am Land

D'Lëtzebuerger Bauere wëllen der Regierung "elo mol eng Chance ginn"

D'Lëtzebuerger Bauere wéilten an der aktueller Situatioun net „onnéideg Parzeläin zerschloen, ier et un d‘Saachen erugeet“, erkläert de Guy Feyder, President vun der Landwirtschaftskammer. Dofir wieren de Moment keng Bauereprotester zu Lëtzebuerg geplangt. D‘Regierung hätt elo just réischt gewiesselt a se wier nach keng 100 Deeg am Amt, et misst een hir elo mol eng Chance ginn.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
De Guy Feyder ass de President vun der Landwirtschaftskammer (Foto: Chris Zeien)

D‘Baueren zu Lëtzebuerg schwätze vun engem “atmosphäresche Revirement”, deen am Verglach mat der Koalitioun vu virdru festzestelle wier.

„Et gëtt och bei eis esou Momenter, wou ee sech denkt, et wier vläicht un der Zäit, datt d'Traktere géifen an d'Stad fueren, mee am Moment ass dat net d’Basis-Gefill, dat een um Terrain fillt.“

Vu vireschter Regierung net "considéréiert" gefillt

D’Basis-Gefill um Terrain wier éischter ee positiivt: d’Attitüd vun der neier Regierung géintiwwer der Landwirtschaft géif dem Secteur wesentlech besser gefale wéi d’Haltung, déi een déi lescht zéng Joer gewinnt war.

Bäi der viregter Regierung hätt een d‘Gefill gehat als Secteur „net wierklech considéréiert ze ginn“, sou de Guy Feyder.

„Et hu Reunioune stattfonnt, déi éischter fir de Fakt, datt se stattfonnt hunn, stattfonnt hunn, wéi fir mam Zil, datt dobäi eppes soll, erauskommen.“


 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Ernärung
Europa
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft
Ëmwelt