Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Christina Kalyss - Bullets

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Inclusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen nach verbesserungsfäeg

Educatioun

Inclusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen nach verbesserungsfäeg

D'Inclusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen an der Schoul ass verbesserungsfäeg. Doriwwer ass ee sech gëschter an der Chamber an enger breeder Debatt eens gewiescht. A sechs Beräicher goufen an enger rezenter Evaluatioun vum System Handlunge proposéiert.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

D’Inclusioun vu Kanner mat spezifesche Besoine gouf an zwou Evaluatiounen ënnert d’Lupp geholl. De Ministère huet zesumme mat der Uni Lëtzebuerg sech éischter op d’Strukturen an d’Personal baséiert. D’Uni soll do Verbesserungsvirschléi ausschaffen.

Déi zweet Evaluatioun gouf vum nationalen Observatoire de l’enfance, de la Jeunesse et de la qualité scolaire an Zesummenaarbecht mat der Uni vu Louvain realiséiert. Do gouf d’Perspektiv vun de Kanner an den Elteren an de Fokus gesat.

Béid Evaluatiounen hu gemeinsam Problemer ervirgehuewen. Prozeduren, déi ze lues sinn, d’Vernetzung an d’Informatiounsdefiziter.

Diagnostik dauert ze laang

A sechs Beräicher ginn et Verbesserungsvirschléi déi de Ministère opgestallt huet. An der Debatt gouf ënnerstrach, datt et ze laang dauert éier een Diagnostik realiséiert gëtt. Am Duerchschnëtt dauert et 203 Deeg éier d’Kand een Appui kritt, de gréngen Deputéierte Meris Sehovic:

"Fir den Diagnostik gouf erausfonnt, datt deen an der Reegel an der Moyenne 115 vun deenen 203 Deeg dauert. An engem Gesetz, wat säitdeem gestëmmt gouf, gouf e fixen Delai virgeschriwwe mee dat muss natierlech um Terrain ëmgesat ginn, hei sollt vun der Uni no Verbesserunge gekuckt ginn."

Keen Ersatz am Fall vu Krankmeldungen

Iwwer Kompetenzzenteren an Intervenante gi Kanner mat spezifesche Besoine begleet. 2018 goufen d’Kompetenzzentren an d’Liewe geruff, 700 Persoune schaffe fir déi regional a lokal Servicer, fir an de Schoule selwer d’Schüler sief dat an der Grondschoul oder och am Lycée d’Begleedung wa méiglech an de Schoule selwer organiséiert. Mee dat geet net duer, wann zum Beispill Leit wéinst engem Krankeschäi feelen, da gëtt et keen Ersatz bedauert de Fred Keup vun der ADR:

"Well am Moment ass et jo sou, datt d'Personal, dat an de Klassen intervenéiert am Fall vun enger Krankmeldung, oder soss enger Absence, och wann se méi laang dauert, net ersat gëtt."

Enseignante fille sech net genuch virbereet

Weider gouf och festgestallt datt et bei der Formatioun vun Enseignanten a vun den Intervenanten ee Manktem gëtt, erkläert d’LSAP-Deputéiert Francine Closener.

"Ronn 75 Prozent vun den Enseignanten am Fondamental fannen, datt si an der Ausbildung net genuch virbereet goufen, fir eebe mat Kanner mat spezifesche Besoinen ëmzegoen. Am Secondaire sinn et souguer 81 Prozent."

Schwiereg wier d’Zesummenaarbecht tëschent de Kompetenzzentren an den Acteuren um Terrain, besonnesch wa Kanner net nëmmen ee Besoin hunn, mee e puer.

Antennen uechter d'ganzt Land

Et brauch een och Antennen vun deene Kompetenzzenter, déi fir d’Kanner den Zougang zur Hëllef garantéieren, präziséiert den DP-Educatiounsminister Claude Meisch.

"Jee nodeem, wou ech wunnen am Land, an de Kompetenzzenter nëmmen op enger Plaz relativ zentral seng Dieren opmécht, do ginn et vill Elteren, déi soen dat doten, dat kréie mer net organiséiert, dat doten, dat di mer ons net un."

Datt e Kand dowéinst net vun der Hëllef am Kompetenzzenter kéint profitéieren, dierft net sinn, fënnt de Claude Meisch.

De Personalschlëssel muss stëmmen

Eng aner Pist ass déi vun enger besserer Vernetzung vun de Kompetenzzenter, déi zesumme mat de concernéierten Acteure missten zesummeschaffen. Dovunner hänkt d’Effizienz vum System of. Weider gëtt et och de Besoin vun enger digitaliséierter Datebank fir datt de Suivi vun de Schüler besser kann dokumentéiert ginn.

A schlussendlech muss och de Personalschlëssel stëmmen, fir datt d’Enseignante genuch Support hu wann et drëm geet Jonker mat hire Besoinen an der Schoul z’integréieren.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun
Politik a Gesellschaft