2017 war him d‘Kannergeld entzu gi fir ee Kand, dat iwwer ee Geriichtsurteel a sengem Doheem placéiert gi war. D‘Zukunftskeess limitéiert nämlech d‘Ausbezuelung vun där Allocatioun u Frontalieren op Kanner, déi een direkte Lien mam Concernéierten hunn. Also biologesch oder adoptéiert Kanner, oder d‘Kanner vum Partner, fir déi een opkënnt. Net awer - anescht wéi bei Residente - fir Kanner, déi placéiert ginn a fir déi e Frontalier d‘Garde huet.
Déi Reegelung verstéisst géint EU-Recht, war et d‘Conclusioun vum Europäesche Geriichtshaff op d‘Demande vun der Cour de cassation.
Et géing sech hei och ëm eng indirekt Diskriminatioun op Basis vun der Nationalitéit handelen. D‘Affär geet domat nees zeréck op d‘Cour d‘appel hei am Land, déi een neit Urteel muss spriechen.