Radioen

On air

Notturno  |  Lost Girls - Ruins

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ingrid Schwarz: D’Jodelen an den Zirkus

Sot emol

Ingrid Schwarz: D’Jodelen an den Zirkus

D’Ingrid Schwarz danzt, wéi ee esou schéi seet, musikalesch op direkt e puer Hochzäiten. Si ass Sängerin, Pianistin, Enseignante , Vocalcoach, Chouerarrangeurin oder Background-Sängerin a si huet och eng eege Band, d’”Ingrid Schwarz Band”. Derbäi kënnt awer och nach e ganz spezielle musikaleschen Touch.

auto_stories

4 min

headphones

56 min

play_arrow

An dat ass, datt d’Ingrid Schwarz jodele kann, an dat Jodelen da mat Pop- oder moderner Musek verbënnt. Si ass dofir een Deel vum Duo “Da Yodla”

Als Kand bei d'Jodele komm

Der Ingrid Schwarz hire Papp war Museker a si huet schonn als Kand ugefaangen, am Papp senger Band ze sangen. Mam Papp, dee Saxophonist war, a senger Band ass dat jonkt Ingrid vill, mir géife soen, op Baler opgetrueden.

“Und dann hat er irgendwann zu mir gesagt: Ach Ingrid, es wäre ganz nett wenn du ein bisschen jodeln könntest. Dann hab ich mir das angehört und wie das so ist als Kind, man kann da relativ schnell nachsingen.(...) Und da hab ich schon mit 8 Jahren quasi angefangen auch in der Band meines Vaters zu jodeln.”

Parallelle beim  Jodelen

D’Ingrid Schwarz huet spéider du Musek studéiert, an zwar Jazz-Gesang op der Museks-Héichschoul zu Mannheim. A wärend dem Studium huet d’Ingrid Schwarz Parallelle gesinn tëscht dem Jodel-Gesang an dem Scat-Gesang.

“Weil Jodeln im Prinzip so wie wir es machen bei 'Da Yodla', kann man Akkorde spielen, man kann auch improvisieren, man muss nur die Silben ein bisschen anders setzen als im Scat-Gesang. Aber tatsächlich wenn ich jetzt Jazz singe, dann setze ich auch Jodeln manchmal ein bisschen mit ein.”

Als Kand geet dat alles séier

D’Ingrid Schwarz kann am Fong net soen, wéi laang si gebraucht huet, fir dat Jodelen ze maîtriséieren, mee als Kand geet dat alles ganz séier, well et ass am Fong och net esou komplizéiert, wéi et sech unhéiert.

“Es ist ein Kippen lassen der Bruststimme in die Kopfstimme. Es gibt ja auch ganz viele Popstars, die das anwenden, so wie Shakira oder im Country-Pop wird es angewendet. Also eigentlich, wenn man den Dreh einmal raus hat, ist es nicht schwer.”

Am Zirkus grouss ginn

Der Ingrid Schwarz hire Papp Joe Schwarz war Bandleader am Zirkus Roncalli an esou ass d’Ingrid dann och am Zirkus grouss ginn. An dat war eng Zäit, déi d’Ingrid Schwarz zolidd markéiert huet, an och wa si zimmlech kleng war, huet si ganz vill Erënnerungen un déi Zäit.

“Es war so unheimlech prägend, dass der Zirkus mich bis heute begleitet hat. Ich habe noch lange Zeit den Kerst-Zirkus Ahoi musikalisch geleitet.”

Eng magesch Welt

D’Ingrid Schwarz huet hier Kandheet am Zirkus als eng Zäit mat ganz vill  Fräiheet erlieft. Si waren als Kanner de ganzen Dag dobaussen ënnert de Leit an am Backstage. Si hu sech all Dag d’Show konnten ukucken.

“Es war eine sehr freie Zeit und ich kann nur sagen, es gibt ja so viele Kinder, die heute Zirkus gar nicht mehr kennen und das ist sehr sehr schade, weil das ist so viel Magie in der Luft, so viel Zauber.”

“Ich wollte zum Zirkus”

D’Ingrid Schwarz hat de Plang, Reiderin - also “Hohe Schule reiten” - ze ginn. Mee wou d’Famill Schwarz dunn net méi beim Zirkus war, ass dee Wonsch och verflunn.

“Ich weiss nicht warum, doch zu dem Zeitpunkt, das war so meine Leidenschaft.“

Den Zirkus wier sécher, op d'mannst eng Zäit laang, eng Méiglechkeet fir d’Ingrid Schwarz gewiescht. D’Zirkusliewen ass en Nomadeliewen, mee dat ass d’Musekerliewen dach awer och.

“Ich muss gestehen, je älter man wird, desto froher ist man, dass man ein bisschen sesshafter wird.(..) Ich bin auch ganz froh, dass das jetzt so ein bisschen in Ruhe kommt. Es ist auch anstrengend, man stellt sich das immer so romantisch vor, aber es ist schon auch ein hartes Leben.”

Iwwregens, wann Dir Loscht hutt, den Duo 'Da Yodla' ze lauschteren, da kënnt Dir dat den 12 Juli um „Summer Stage“ zu Diddeleng am Parc Léi, zesumme mat der Harmonie vun Diddeleng.

Lauschterenplay_arrow