Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alice In Chains - No Excuses

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Administratiounen déi fir Asyldemanden zoustänneg sinn, sollen opgestockt ginn

Inneminister

D'Administratiounen déi fir Asyldemanden zoustänneg sinn, sollen opgestockt ginn

Tëschent 2018 an 2023 goufe ronn 10.500 Asyldemandë vum Aussen- an Immigratiounsministère traitéiert. D’Hallschent dovunner a manner wéi 6 Méint. Dat äntwert den Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vum Gréngen-Deputéierte Meris Sehovic.

auto_stories

1 min

Foto: Chamber

Mat der neier Regierung ass elo den Inneministère fir déi Demanden zoustänneg. Deemno goufen iwwer Dausend Demandë bannent 11 Méint beäntwert a bei ronn 800 Asyldemanden huet et am Ganze méi wéi 21 Méint gedauert - also iwwert de maximalen Delai eraus.

Déi international Krise wéi déi russesch Invasioun vun der Ukrain, mee och d’Muechtiwwernam vun den Taliban am Afghanistan hätten een Impakt op d’Dauer vum Traitement vun den Asyldemandë gehat, preziséiert de Léon Gloden weider. Am Koalitiounsaccord wier den Traitement vun den demandes de protection internationale eng Prioritéit, sou nach den Inneminister, dofir géifen déi concernéiert Administratiounen elo opgestockt ginn.

Aktualitéit
International
Krich an der Ukrain
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft