Radioen

On air

Notturno  |  Elliott Smith - Angeles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christoph Bumb: "Dat hätt ee misse wëssen"

Leak vum Koalitiounsaccord

Christoph Bumb: "Dat hätt ee misse wëssen"

De Premier Luc Frieden huet sech kee Gefalen domadder gemaach fir den Text vum Koalitiounsaccord zréck ze halen, dat war de Fazit vum Christoph Bumb vu Reporter deen zesumme mam Pia Oppel den Text analyséiert huet. Froen opwerfe géif virun allem awer och de Kommunikatiounsstil vum neie Premier.

auto_stories

3 min

headphones

15 min

play_arrow
De Christophe Bump, Chefredakter vu reporter.lu an d'Pia Oppel, Journalistin beim radio 100,7. (Foto: Morgane Weidig)

Et hätt ee misse wëssen, datt hautesdaags guer net méi méiglech ass, en Text vun engem Koalitiounsaccord zeréck ze haalen, fënnt de Christoph Bump, Chef vum Onlinemagazin Reporter.lu am 100,7-Interview

Fir hien géif d'Rethorik an de Regierungsstil vum Luc Frieden, op gewëssen Iddie hiweisen, déi net an d'Zäit passen.

"Et huet ee jo elo an der Koalitiounsverhandlung och kloer gesinn, datt en ëmmer rëm Saachen, ugekënnegt huet. Et waren d'Point-pressen do, wou en am Fong guer näischt gesot huet, wat en sech och hätt kéinte spueren, wou ee muss soen, datt e sech net ganz vill Frënn mécht, an de Medien an ënnert de Journalisten an dass dat natierlech schlecht."

Inhaltlech war et vum Christoph Bumb ënnert anerem d'Remark, datt zur Klimapolitik, näischt Konkretes géif dra stoen, a mengt "wann näischt Konkretes drasteet, wäert och näischt Konkretes geschéien".

Prioritéite vum Finanzement net beim Klimaschutz

Datt guer näischt iwwer Klimapolitik am Koalitiounsaccord dra steet fënnt Pia Oppel net, mee den Toun wier scho ganz speziell.

"Well et seet een eigentlech, dass een alles dat wëll maache wat ofgemaach war schonn ënnert der viregter Regierung. An da stinn awer sou Sätz dra, wéi datt dobäi de Prinzip vun der Proportionalitéit soll gëllen. Also: Mir maache just Klimaschutz wann och Suen do si fir dat och ofzefiederen. A wann ee kuckt wou d’Prioritéit beim Suen-ausgi leien, da sécher net beim Klimaschutz."

Et wier normal, datt e Koalitiounsaccord net op all Fro eng Äntwert géif liwweren, seet de Christophe Bumb. D’Fro vun der Envergure an dem Timing vun de Steiererliichterunge, déi an Aussiicht gestallt ginn, géif jo och staark vun der Entwécklung vun de Staatsfinanzen ofhänken.

Keng Steiererliichterungen ouni Géigefinanzement

Am Géigesaz zu deem, wat de Luc Frieden bis elo ëmmer gesot huet, gleeft d’Pia Oppel aus der 100,7-Noriichteredaktioun net, datt et ganz ouni e Géigefinanzement wäert goen.

"De Luc Frieden ass eng Persoun, déi ëmmer ganz staark op Sanéiere vu Staatsfinanze gesat huet. En huet nach virun engem Joer, am Dezember 2022 als President vun der Handelskammer gesot, d’Staatsschold sollt idealerweis tëscht 20 a 25 Prozent leien. Mir steieren elo op iwwer 30 Prozent hin."

D'Pia Oppel gleeft iwwerdeems net, datt d'Politik sou bleift, wéi se annoncéiert gëtt a mengt, datt zimmlech séier iwwer Spuermesure wäert diskutéiert ginn.

Lauschterenplay_arrow