Radioen

On air

Nei Musek  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
search

/ respect.lu: "Juddefeindlech Commentairë si staark an d'Luucht gaangen"

Am Kontext vum No-Ost-Konflikt

respect.lu: "Juddefeindlech Commentairë si staark an d'Luucht gaangen"

Zanter den Hamas-Attacken de 7. Oktober si judden- an israelfeindlech Commentairen op de soziale Medien hei am Land staark an d‘Luucht gaangen, dat sot d‘Directrice vu respect.lu, Karin Weyer, am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Entspriechend Donnéeën krut den “Zenter géint Radikaliséierung” vun der BeeSecure-Stopline geliwwert. D’Karin Weyer geet dovun aus, datt d’Justiz d’Dossiere vun den Täter dann – no enger Enquête – a ronn sechs Méint u respect.lu wäert weiderginn.

Zanter dem Ugrëff vun der Hamas op Israel an dem Ufank vum Krich hu sech awer och selwer Persoune bei respect.lu gemellt, déi antisemittesch denken, a sech wëllen hëllefe loossen.

"Am Moment si vill jonk Leit schockéiert iwwer dat, wat geschitt ass, iwwert dat, wat am Gaza geschitt, a si verstinn de ganze Kontext net. An da gräifen se zeréck op ur-al antisemittesch Virurteeler, déi se dann äusseren a wann do een Erwuessenen, eng aner Persoun, awer seet: "Komm, dat do geet net, do muss Du Dir hëllefe loossen.", da si muncher och dozou bereet."

Karin Weyer: “From the river to the sea” soll net verbuede ginn, ass awer antisemittesch

Mat der Karin Weyer hate mir och iwwer ee Slogan geschwat, deen op palestinensesche Maniffe geruff gëtt, och rezent hei zu Lëtzebuerg: “From the river to the sea, Palestine will be free” heescht en, an d’Revendicatioun soll sinn, datt Palestina vum Floss Jordan bis d’Mëttelmier soll goen.

D’Karin Weyer sot, datt de Sproch kloer antisemittesch wier, well en d’Existenz vun Israel géif a Fro stellen. A wann eng méi grouss Ideologie de Grond wier, fir de Sproch ze skandéieren, da wier et och eppes, wat radikal wier. Si ass awer net onbedéngt dofir, datt “From the river to the sea” soll verbuede ginn, wéi dat an Däitschland de Fall ass. 

Den „Zenter géint Radikaliséierung“ ass aktiv am Beräich vun der Sensibiliséierung a Präventioun, mee begleet och Täter, déi sou, jee no Gravitéit, enger Geld- oder Fräiheetsstrof aus dem Wee kënne goen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft