Radioen

On air

Notturno  |  Audiopsy - Je Suis Comme Je Suis Feat. DJ Kwistax

play_arrow Live
search

/ Schoulmediateur: “D’Konflikter si méi emotional wéi virdrun”

Schoulmediatioun

Schoulmediateur: “D’Konflikter si méi emotional wéi virdrun”

D’Schoulmediateur Lis de Pina seet, et géif méi schwéier gi fir Konflikter tëscht Schüler an hire Schoulen ze léisen. D’Konflikter, ëm déi si sech këmmert, wieren nämlech zanter zwee Joer vill méi emotional gelueden, wéi virdrun, esou d’Lis de Pina de hei op der Antenn.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Mee wou kommen déi vill Emotiounen hier war et d'Fro un d'Lis da Pina. 

"Ech weess et net. Vläicht däerf ech mir erlaben de Raccourci ze huelen an ze soen: Dat ass vläicht no Covid? Ech weess et net, ech hunn do keng Äntwert drop.”

Si misst als Médiateur dofir dacks méi Aarbechtsstonnen investéiere fir Léisungen ze fannen. Den Taux de Réussite vun der Schoulmediatioun wier awer trotz de villen Emotioune weiderhi ganz héich: An iwwer 90 Prozent vun de Fäll géif een eng Léisung fannen, esou d’Lis de Pina. An d’Schoule wäre mëttlerweil och méi oppe fir mam Mediateur zesummen ze schaffen:

Mir si jo elo fënnef Joer do, mee wéi eise Service gegrënnt ginn ass, du muss ech zwar soe war eng ganz grouss Retizenz do: Et ass geduecht ginn, mir wieren elo iergendwéi de Kontrolleur vum Ministère. Dowéinst si mir och onofhängeg an hunn eis Büroen net am Ministère. Mat der Zäit ass et awer elo esou, datt mir mierken, datt d’Schoule selwer eis kontaktéieren, wa se gesinn: Et ass net mat den Elteren ze schwätzen, mir ginn eis einfach net eens.”

Lauschterenplay_arrow