Radioen

On air

Notturno  |  Elliott Smith - Angeles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sam Tanson: Manner staark Subventioune bremsen d'Energietransitioun aus

déi gréng

Sam Tanson: Manner staark Subventioune bremsen d'Energietransitioun aus

Déi gréng wiere frou ze héieren, datt och de Premier zur Conclusioun kënnt, datt et éischter kommunal Prozedure sinn, déi de Bau bremsen, ewéi Ëmwelt- a Naturschutzoplagen. Aner annoncéiert Mesurë géifen allerdéngs d‘Energietransitioun bremsen.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

play_arrow

D’Deputéiert vun déi gréng, d'Sam Tanson, huet d’Ausso vum Premier kritiséiert dat Naturschutzreegele géifen de Wunnengsbau ausbremsen. Ëmfroen am Secteur selwer hätten erginn, datt déi nëmmen e ganz klengen Deel vum Problem wieren.

D’Simplification administrative wéi d’Regierung se wëll duerchsetzen, ass grondsätzlech ze begréissen, mee si gëtt dacks vun der Autonomie communale ausgebremst. Och déi viregt Regierung hätt dat scho probéiert, sou déi gréng Deputéiert Sam Tanson. Do wier och ze gesinn, datt virop d'CSV Buergermeeschter:innen déi net ëmgesat hätten.

Energietransitioun gëtt ausgebremst

Déi gréng bedaueren, datt déi energeetesch Sanéierung vun Haiser an d’Installatioun vu Photovoltaikanlagen an Zukunft manner staark soll subventionéiert ginn. Dat géif d’Energietransitioun bremsen, fäert d‘Deputéiert Sam Tanson.

Och fir de Kaf vun engem Elektroauto ginn et an Zukunft manner héich Subsiden, wéi de Premier am État de la Nation ugekënnegt hat. Wärend d’EU gläichzäiteg driwwer nodenkt, Stroftaxen op de méi bëllegen E-Modeller aus China ze applizéieren. Och dat gesäit d‘Sam Tanson kritesch.

Zwar wiere Reegele fir e faire Weltmarché wichteg, mee et wier och wichteg, d‘Elektromobilitéit ze fërderen. Op déi do Aart a Weis géif een d‘Autosproduzenten an Europa virun där Evolutioun schütze, bedauert d‘Sam Tanson.

D‘Fro nom Auslännerwalrecht muss rëm gestallt ginn

Der neier POLINDEX-Etüd vun der Uni Lëtzebuerg no, si just nach 50 Prozent vun de Lëtzebuerger géint d’Aféierung vum Auslännerwalrecht. Am Referendum virun néng Joer waren et nach 80 Prozent.

Fir déi gréng Deputéiert Sam Tanson misst dat e Grond sinn, d’Diskussioun nach eemol nei opzerullen. Si huet dat och gëscht am Kader vun hirer Ried zum État de la Nation ugeschwat, ouni et ferm ze revendiquéieren.

"Ech weess, datt dat bei der Majoritéit net onbedéngt eppes ass, wou si wëllen ugoen, an dofir hunn ech net ze vill vehement dat gefuerdert.“

Si wier awer absolut dofir, datt ee sech där Debatt nach eemol stellt.