Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Roger Spautz: Lëtzebuerger Regierung ass weider géint Atomkraaft

Atomenergie

Roger Spautz: Lëtzebuerger Regierung ass weider géint Atomkraaft

Trotz de rezenten, méi Nuklearenergie-frëndlechen Aussoe vum Premier Luc Frieden, huet de Roger Spautz keen Zweiwel un der grondsätzlecher Astellung vun der Lëtzebuerger Regierung géint Atomkraaft.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow
(Foto: Chris Zeien)

Den neien Energieminister Lex Delles hätt kierzlech an enger Reunioun nach eemol zougesot, d’Lëtzebuerger Regierung géif sech och weider dofir asetzen, datt d’Lafzäit vun de véier Atomreakteren zu Cattenom net verlängert gëtt.

Greenpeace Lëtzebuerg presentéiert haut e Rapport vum däitschen Expert fir Reaktersécherheet Manfred Mertins, deen ënnersicht huet, wéi EDF, also de Bedreiwer vu Cattenom, garantéiere wëll, datt déi Reakteren och no 40 Joer nach sécher funktionéieren.

Al Reaktere kënnen net nogerëscht ginn

Den Expert fir Reaktersécherheet huet festgestallt, datt et net méiglech ass, déi al franséisch 1.300-Megawatt-Reakteren, vun deenen der och 4 zu Cattenom stinn, esou nozerëschten, datt se de Sécherheetsstandarde vun den neisten Atomkraaftwierker entspriechen. De Roger Spautz vu Greenpeace seet, datt d‘Verbesserungen déi gemaach ginn effektiv sënnvoll wieren, mee d‘Zilsetzung vun der Autorité de sûreté nucléaire net kéint erreecht ginn.

„An datt effektiv mam Alter vun Atomzentralen, vun de Reakteren, datt de Risiko vun engem Accident natierlech wäert an d’Luucht goen.“

Lauschterenplay_arrow