Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Holiday Ghosts - Big Congratulations

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Wiseler: D'Chamber soll méi lieweg, modern an transparent ginn

Chamberkommissiounen am Livestream a manner Riedezäit

Claude Wiseler: D'Chamber soll méi lieweg, modern an transparent ginn

D’Aarbecht vun de Kommissiounen ëffentlech ze maache wier e Schrëtt laanscht deen e modernt Parlament haut net méi kéim, sot de Chamberpresident Claude Wiseler am 100,7-Interview. Dat aus Grënn vun Transparenz.

auto_stories

3 min

headphones

14 min

play_arrow
De Chamberspresident Claude Wiseler ass elo zanter iwwer 100 Deeg am Amt. (Foto: Jo Diseviscourt)

De Mëtteg wäert um Krautmaart decidéiert ginn, d’Reunioune vu verschiddene Kommissiounen a Bild an Toun um Internetsite vun der Chamber ze weisen. Datt an enger éischter Phas just d’Kommissioune fir Landwirtschaft, Logement, Ëmwelt, Educatioun a Medien iwwerdroe ginn, wier kee politesche Choix, mee sollt een éischter als Testphas gesinn.

D'Zil bleift eng Retransmissioun vun alle Kommissiounssëtzungen, esou de Claude Wiseler. Enn des Joers solle Conclusiounen aus den éischten Erfarunge gezu ginn. Et ginn awer nach weider Avantagen, wéi de Chamberspresident erkläert.

"An et huet nach een aneren Avantage, deen net ëmmer gesot gëtt: Mir kënnen am Fong déi ganz technesch Diskussioun no baussen op an de Kommissioune maachen, a mir kënnen eis dee Moment am Plenum op de politeschen Debat konzentréieren. Ech fannen dat och wichteg."

Dat géing et och erlaben, d'Reduktioun vun de Riedezäiten duerchzeféieren.

Riedezäit: Qualitéit statt Quantitéit

Dat wier dann och déi zweet Reglementsännerung: D’Riedezäiten solle gekierzt ginn. Dat géif d’Diskussiounen am Plenum méi lieweg a méi interessant maachen, seet de Claude Wiseler. An et géif och der inhaltlecher Qualitéit vun den Debatte guttdoen.

"E politesche Message, deen ech a fënnef, zéng oder fofzéng Minutte kann apaken, kënnt besser duerch, wéi wann Dir en am Fong musst duerch laang Riede verwässeren."

Och wann am ale Regimm keen déi Deputéiert forcéiert huet, laang ze schwätzen, hat een awer ëmmer den Hang dozou, d'Riedezäit ganz auszenotzen, betount de Claude Wiseler. Hie schwätzt aus Erfarung.

"Wann s de eng Hallefstonn Riedezäit has, dann hues de ëmmer probéiert, net wäit dovunner wech ze schwätzen, well soss jo iergendeen dir gesot huet: 'Has de net méi driwwer ze soen?'"

Elo kéint een d'Chamber erëm an d’Mëtt vun der politescher Diskussioun setzen, wat och d'Zilsetzung vum Claude Wiseler ass.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik