arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Corinne Cahen: KI ka ville Leit hëllefen

Budgetsrapport

|
reading time

1 min

headphones

14 min

play_arrow

Corinne Cahen: KI ka ville Leit hëllefen

D‘nächst Woch gëtt dat wichtegst Gesetz vum Joer an der Chamber diskutéiert a votéiert. Lass ginn déi Diskussioune mat der Analys vun der Budgetsrapportrice vun dësem Joer, der DP-Deputéierter Corinne Cahen. Si huet sech fir hire Rapport d‘KI – déi Kënschtlech Intelligenz - als Schwéierpunkt erausgesicht.

reading time

1 min

headphones

14 min

play_arrow

De Schwéierpunkt vum Rapport vun der Corinne Cahen läit op der kënschtlecher Intelligenz. No 10 Joer als Familljeministesch e Karriärswiessel a Richtung Digitales? D'KI hätt mat allem ze dinn, esou d'Corinne Cahen. 

"Ech hunn Iech d'Beispill gesot vun deene Leit, déi e bëssen ofgehaange waren, vläicht beim Internet. Ech kann Iech aner Beispiller soen, wéi zum Beispill autistesch Kanner an der Behënnerung. Do ka kënschtlech Intelligenz immens hëllefen, och bei Demenz erkrankte Leit. Flüchtlingen, déi op Lëtzebuerg kommen, déi op eemol kënne Formulairen ausfëlle vun enger Sprooch, déi se net verstinn."

Als Politiker misst ee kucken, d'Welt besser ze maache fir déi, déi dra liewen, esou d'Corinne Cahen. An d'KI wier eng Méiglechkeet, fir deem Zil nozegoen. 

play_arrow Lauschteren