Radioen

On air

Concert  |  Dem Beethoven seng Néngt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Logementspak: De Mieterschutz ass net zefridden

Logement

Logementspak: De Mieterschutz ass net zefridden

De President vum Mieterschutz weist sech enttäuscht doriwwer, datt seng Associatioun net op de Logementsdësch d’nächst Woch invitéiert ass: “Vläit gi mir dann an e ‘Logementskeller’ invitéiert, zesumme mat aneren Associatiounen,” esou de Jean-Michel Campanella.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow
De Jean-Michel Campanella ass President vum Mieterschutz. (Foto: Jo Diseviscourt)

Hie betount, et wier “schued”, wann déi nei Regierung net méi géif drop setze fir all d’Acteuren aus dem Secteur ëm een Dësch ze kréien. Et wier nämlech wichteg esou Diskussiounen ze féieren, och wann d’Meenungen deels wäit ausernee ginn.

“Dat lescht Format vun de Logementsassisen ënnert dem Minister Henri Kox, dat hu mir wierklech gutt fonnt. Do konnten all d’Acteuren an d’Diskussioun kommen an demokratesch zesummen diskutéieren. Zum Beispill, d’Promoteuren an d’Associatiounen. Mir sinn nämlech guer net averstan mateneen. Mee d’Diskussioun ass wichteg.”

D'Locataire solle méi ënnerstëtzt ginn

De Mieterschutz fuerdert, datt d’Regierung méi mécht fir d’Locatairen ze ënnerstëtzen. De President vun der Associatioun sot am 100,7-Interview, déi lescht Regierung hätt zwou Iddien op den Dësch geluecht, déi elo esou séier ewéi méiglech sollen ëmgesat ginn.

"Dat ass d’Reduktioun vun der Garantie locative op zwee Méint, a wat ganz, ganz wichteg ass, dat ass datt d’Agencefraisen an Zukunft 50-50 opgedeelt ginn. (Déi mussen aktuell elleng vum Locataire bezuelt ginn, U.v.d.R). (...) A well d’Loyeren am Moment jo komplett explodéiere wier dat eng Erliichterung fir déi Leit. Well vill Leit, déi elo op de Locatiounsmarché komme si Leit, déi gär eppes géife kafen, an näischt kënne kafen.”

Steierlech Reduktioune fir Bauhären: De Mieterschutz ass skeptesch

De Jean-Michel Campanella bedauert, datt den neie Logementsminister sech nach net fest engagéiert huet, dës zwou Mesuren ëmzesetzen. De President vum Mieterschutz ass och skeptesch, datt déi ugekënnegt steierlech Reduktioune fir Bauhäre kënnen Hëllefen de Logementsproblem ze léisen. Esou Mesuren hätten nämlech an der Vergaangenheet nämlech dozou gefouert, datt d’Wunnengspräisser explodéiert wären.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Logement
Politik
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft