Radioen

On air

Tockcity  |  Black Pumas - Fire (Live in Studio)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Press: Méi finanziell Ënnerstetzung fir d'Formatioun vu Journalisten

Journalismus

Press: Méi finanziell Ënnerstetzung fir d'Formatioun vu Journalisten

Jonk Journalisten zu Lëtzebuerg wieren dacks net zolidd genuch ausgebilt. De Laurent Moyse, Journalist an Auteur vum Buch „La bataille des journalistes“ fënnt, de Staat misst déi Mediebetriber finanziell ënnerstëtzen, déi sech am Beräich vun der Formatioun engagéieren.

auto_stories

1 min

headphones

16 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Wann ee bis am Journalismus dran ass, hätt een net méi vill Zäit fir sech nach ze forméieren. Et géif een direkt an d'kaalt Waasser geheit ginn a léiert da lues a lues. Et wier also nach vill ze maachen, esou de Laurent Moyse. De Staat misst Mediebetriber finanziell ënnerstëtzen, déi sech am Beräich vun der Formatioun engagéieren.

"Et geet jo lo net drëms, datt de Staat soll Journaliste forméieren, déi sollen eng gewësse Meenung ausdrécken oder esou. Et geet drëms, fir wierklech deene Medien, déi bereet sinn, Moyenen an d'Formatioun vu jonke Journalisten ze stiechen, fir deenen ze hëllefen."

De Staat hätt an deem Beräich eng wichteg Roll ze spillen, sou de Laurent Moyse. Hie wënscht sech och, datt d’Reflexioun vun de Mediemataarbechter iwwer hir Roll an hiert Schaffe méi eescht geholl, an iwwer Gremie wéi de Presserot oder d’Journalisten-Associatioun gefërdert gëtt.

Lauschterenplay_arrow

Politik a Gesellschaft
Interview