Radioen

On air

Notturno  |  Father John Misty - Ballad Of The Dying Man

play_arrow Live
search

/ Léon Gloden: "Mesure berout op legalen, fundéierte Krittären"

Heescheverbuet

Léon Gloden: "Mesure berout op legalen, fundéierte Krittären"

Den Heescheverbuet an der Haapstad soll vun Freiden un kënnen applizéiert ginn. Déi fréier LSAP Inneministerin Taina Bofferding hat dat entspriechend Reglement vun der Gemeng Lëtzebuerg zwar annuléiert, mee hire Successeur Léon Gloden, vun der CSV, huet déi Décisioun réckgängeg gemaach.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Deemno kann deen ëmstriddenen Heescheverbuet dann awer a Kraaft trieden.

D’Taina Bofferding hat dee Refus op Grond vun enger Jurisprudenz vum europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff decidéiert. 

Net mam Fall an der Schwäiz ze vergläichen

An deem Urteel goung et em ee generelle Verbuet vun der Mendicitéit an der Schwäiz. Hei an der Stad Lëtzebuerg wier et een Heescheverbuet dee just op Deeler vun der Stad limitéiert wier. An et kéint een och, anescht wéi am Fall an der Schwäiz, Sozialhëllef kréien. Dowéinst kéint een déi zwee Verbueter net matenee vergläichen huet den Inneminister Léon Gloden am 100,7-Interview erkläert.

"Mir liewen an engem Rechtsstaat, och d'Ministeren halen sech un d'Gesetzer an hei sinn ech zur Schlussfolgerung komm, datt déi Mesure eeben opgrond vun deenen Argumenter, déi ech opgezielt hunn, proportional ass, op legalen, fundéierte Krittäre berout. Elo geet et drëm ze kucken, wéi déi Mesure ëmgesat gëtt."

An enger Reunioun, méi spéit am Moien, mat der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer a Vertrieder vun der Police gouf iwwer d'Ëmsetzung vum Heescheverbuet geschwat. An enger éischter Phas wier eng Informatiounscampagne virgesinn.

"Mendicitéit ass am Code pénal verbueden"

Den Inneminister huet a punkto Heescheverbuet gesot de Code pénal géif dee souwisou virgesinn. 

"D'Mendicitéit ass haut am Code pénal verbueden, souwuel d'Mendicité simple ewéi och d'Mendicité agressive. Dat schléisst awer net aus, datt eng Gemeng nach eng Kéier kann déi selwecht, Dispositiounen an engem Règlement de police huelen. Do gëtt et Jurisprudenz vum Tribunal administratif. Ech weess net, ob Plainte vu Leit, komm sinn, dat kann ech Iech net soen. Op jiddwerfalls opgrond vun deem hei Reglement muss lo, d'Police intervenéieren."

Den Affekot a Mënscherechts-Spezialist Fränk Wies revidéiert dat awer. D’Mendicitéit ass am Code penal ënnert verschidde Konditiounen zwar verbueden, mee net generell, erkläert hien op Nofro hinn.

 

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview