Radioen

On air

Notturno  |  Will Sheff - Estrangement Zone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Loïc Hoscheit: Nieft Dopping behält d'ALAD och aner ethesch Valeuren am Sport am An

Anti-Dopping Agence

Loïc Hoscheit: Nieft Dopping behält d'ALAD och aner ethesch Valeuren am Sport am An

Ethik am Sport ass e wichtegt Feld dat vu Mobbing, iwwer Drock a souguer sexuelle Mëssbrauch geet, ënnersträicht de Loïc Hoscheit, neien Direkter vun der nationaler Anti-Dopping Agence. D'ALAD soll an Zukunft och dës ethesch Valeuren am Ae behalen. Dofir misst een sech awer mat Experten ëmginn.

auto_stories

2 min

headphones

17 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Déi Lëtzebuerger Anti-Dopping Agence ass mat véier Leit nëmmen dënn besat. Trotzdeem soll d’Agence nieft dem Dopping an Zukunft och d‘Ethik am Sport am Aa behalen. Dorëmmer soll sech de neien Direkter vun der ALAD Loïc Hoscheit bekëmmeren. Der Agence feelt et momentan mat de reegelméissegen Dopping Kontrollen och net un Aarbecht. Verschidde Sportler stinn dobäi awer am Fokus.

"De groupe cible dat sinn alleguerten d’Athleten déi sech am COSL Elittekader befannen an och déi déi an der Sportsektioun vun der Arméi sinn. Déi Athleten hunn eis vis à vis e puer Obligatiounen ënner anerem dat se eis ëmmer hier Lokalisatiounsdonnée ginn, eemol am Dag. Also fir all Dag am Joer mussen se eis eng Stonn ugi wou mer kënnen eng inopinéiert Kontroll maachen, dat heescht eng Kontroll wou mer eis net am Viraus melle wa mer kommen."

Déi Zort Kontrolle géifen dräi véierel vun der Aarbecht ausmaachen, bei den Ament 70 Athleten zu Lëtzebuerg.

Wichteg Daten ze erhiewen

Donieft wëll d'ALAD och aktiv op Veräiner a Verbänn duergoen, fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen. Virun allem wat Mobbing, Drock a sexuelle Mëssbrauch ugeet. Aktuell Donnéeë feelen do nämlech, erkläert de Loïc Hoscheit. Zu Lëtzebuerg géifen och einfach déi néideg Date feelen.

"Mir héiere vill Saachen aus dem Ausland mat grousse Länner déi och vill Problemer hate mat grousse Federatiounen, ech kann hei zu Lëtzebuerg awer net soe wat d'Prevalenz vu Gewalt vis-à-vis vu Kanner an engem Veräi wier zum Beispill."

Et wier wichteg, datt d'ALAD dat opschafft, betount de Loïc Hoscheit.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview
Sport