Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Marc Hostert: Bei der Notzung vun elektroneschen Dossieren ass nach Sputt no uewen

é-Santé

Marc Hostert: Bei der Notzung vun elektroneschen Dossieren ass nach Sputt no uewen

All Resident oder Frontalier, deen zu Lëtzebuerg cotiséiert, huet en elektronesche Patientendossier: aktuell ginn et méi wéi eng Milliounen där sougenannter DSPen (Dossiers de soins partagés). De Marc Hoster gëtt awer zou, datt bei der Notzung nach ausgebaut ka ginn.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow

D’Zuel vun DSPe léich aktuell tëscht 1,1 an 1,2 Milliounen. Si ginn no an no mat relevanten Informatioune, wéi Resultater vun Analysen oder Röntgen, gefëllt. Den Assuré kann och bewosst d'Decisioun huelen, säin Dossier ze desaktivéieren. Dat hätte bis elo awer manner wéi 0,2 Prozent vun de Leit gemaach, sot de President vun der Agence eSanté am 100,7-Interview. Trotzdeem stellt sech d’Fro, firwat een de Leit iwwerhaapt de Choix léisst:

"Dat ass eng politesch Consideratioun fir dat esou ze maachen. Mee et ass eng Fro, déi pertinent ass, well et gi jo Situatiounen am Liewe wou et wichteg wier, datt een un all déi Analyse kënnt. Dir gitt ageliwwert an eng Urgence, do wier et jo gutt wann se direkt un är Basis-Analyse géife kommen. Oder dir gitt aus engem Altersheim d’urgence an eng Klinik geféiert: déi Zäit, déi do ka gespuert ginn. Well et geet net just em Suen, et geet och ëm d’Vitess an ëm pragmatesch Saachen."

Et géif virun allem dorëm goen, datt d'Leit déi am Gesondheetssecteur schaffen, sech op déi Aarbecht am Déngscht vum Patient konzentréiere kënnen. De Marc Hostert huet awer och net verstoppt, dass et bei der Notzung vum DSP nach Sputt gëtt.

"Mir hu pro Mount ronn 43.000 Consultatioune vun engem Dossier DSP, dat heescht, wou een eppes dra kucke geet. An dorënner si 6.000 Consultatioune vu professionels de santé, also vun Dokteren oder anere Leit am Santésberäich, déi den Zougang hu fir eppes kucken ze goen. Dat musse mer weider développéieren. Dat ass nach net enorm."

De Marc Hostert betount awer weider, datt et méi opportun géif ginn, déi Dossieren ze consultéieren, wa bis méi dra steet.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview