Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patrick Dury warnt viru méi soziale Konflikter

LCGB

Patrick Dury warnt viru méi soziale Konflikter

Bei der gemeinsamer Protestaktioun vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB a knapp zwee Méint, den 28. Juni, misste vill Leit kommen, fir datt et ee Succès gëtt, esou de President vum Chrëschtleche Gewerkschaftsbond Patrick Dury um Freideg am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

headphones

14 min

Den LCGB-President Patrick Dury | © Jo Diseviscourt play_arrow
Den LCGB-President Patrick Dury (Foto: Jo Diseviscourt)

Hien huet vun 10.000 bis 15.000 Leit geschwat, déi bei der gemeinsamer Aktioun vun OGBL an LCGB missten dobäi sinn.

De Grond fir déi Manif wier, datt dës béid Gewerkschaften déi eenzeg wieren, déi nach um Sozialmodell géife festhalen, an domat um soziale Fridden.

Den LCGB hat gëschter zu Réimech seng Feier fir den 1. Mee. Hien hätt do eng “engagéiert Ried” gehalen, huet de Patrick Dury erkläert.

“Dat kënnt dohier, well mir mierken, an d'Regierung huet dat jo selwer och scho gesot, den Aarbechtsminister huet dat beschriwwen: “Da gi mir mol a Frankräich kucken”, dass mir mierken, dass dat wat eis hei am Land blitt, dat sinn, wa mer de Sozialmodell net méi hunn, dass (...) d'Retourkutsch natierlech kënnt, dass mir vill méi sozial Konflikter kréien, net nëmmen e Generalstreik.”

Et hätt een elo scho gesinn, datt d’Rhetorik an d’Aussoe vum Premier Luc Frieden (CSV) zu Problemer an de Betriber gefouert hätten, huet de Patrick Dury kritiséiert.

Den LCGB-President hofft, datt de Konflikt, op deen ee géif zousteieren, ganz séier kéint bäigeluecht ginn. Da kéint ee sech ëm d’Digitaliséierung, déi Kënschtlech Intelligenz an ëm d’Ofsécherung vun den Aarbechtsplaze këmmeren.

Pensiounsdebatt: Roserei bei de Gewerkschaften

De Patrick Dury huet am 100,7-Interview widderholl, datt alles géif gemaach ginn, fir d’Gewerkschaften aus der Diskussioun iwwer d’Renten erauszedrécken.

“Déi Affär mat “schwätz mat”, wou da gesot gëtt, mir wëllen eng grouss breet Consultatioun hunn, dat kascht jo och alles deementspriechend Moyenen. Dat war eng Farce.”

D’Gewerkschaften hätte Fuerderungen a Proposen op den Dësch geluecht, fir de System ze stäerken.

“An natierlech ass d’Roserei bei eis ganz einfach, dass alles gemaach gëtt, fir net do driwwer ze schwätzen.”

Bei der Gesondheetskeess (CNS) géif et an den nächste véier Joer ee Finanzéierungsbedarf vu ronn enger Milliard Euro ginn, esou de Patrick Dury am Kontext vu senge Kriticken un d’Adress vun der Ministerin Martine Deprez vun der CSV.

“Ech wëll och soen, dass zum Beispill déi gréisst Regierungspartei an hirem Walprogramm jo extrem Proposen hat, fir de System ze verbesseren. Dovu geet keng Riets méi.”

Aner Behandlung vum ëffentlechen Déngscht

Den LCGB hätt kee Problem domat, datt d’CGFP ee Gehälteraccord “mat enger Substanz” mat der Regierung verhandelt huet. D’CGFP hätt dat “gutt gemaach”, esou de Patrick Dury. Hie wéilt och keng Stammdëschpolitik mat enger Näid-Debatt maachen, huet den LCGB-President ënnerstrach.

“Mee déi selwecht Zäit, wou hei d'Kollektivverträg attackéiert gi sinn, wou d'Fundamenter vun de Gewerkschaften am Privatsecteur attackéiert ginn, geet déi dote Regierung dann een Accord mat der CGFP verhandelt, ouni grousst Ophiewes, do huet net misse manifestéiert ginn. (...) Ech mengen, dat huet mat dozou gefouert, dass d'Faass iwwergelaf ass.”

De Premier Luc Frieden hätt de Konflikt mat de Gewerkschafte ganz séier kënne bäileeën. Dat hätt de Luc Frieden awer net gemaach, huet de President vum Chrëschtleche Gewerkschaftsbond bedauert.

 

Lauschterenplay_arrow