Radioen

On air

Owesconcert  |  20 Joer Mierscher Kulturhaus

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Westbalkan: De Glawen un een EU-Bäitrëtt schrumpft

Balkan-Expert Florian Bieber

Westbalkan: De Glawen un een EU-Bäitrëtt schrumpft

Doduerch, datt d’Bäitrëttsverhandlunge mat de Länner vum Westbalkan net richteg vum Fléck kommen, mécht d’EU Diktature wéi Russland a China d’Dier op, fir sech an där Regioun ëmmer méi breet ze maachen. Op déi Gefor weist de Balkan-Expert Florian Bieber hin.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

De renomméierte Balkan-Expert mat Lëtzebuerger Pass huet am 100,7-Interview erkläert, datt plazeweis um Westbalkan méi wéi d’Hallschecht vun de Leit de Glawen un een EU-Bäitrëtt verluer hätten. Verschidden europäesch Länner géife sech (wéi et schéngt) haut net méi un d’Versprieche wëllen erënneren, dat se deene Staate virun 20 Joer gemaach hätten. An dat hätt Konsequenzen an där Regioun.

"Die Enttäuschung, die Frustration darüber, dass man nicht Mitglied der Europäischen Union wird, schafft Unmut, schafft auch eher das Gefühl, dass man woanders hinschaut. Es ermutigt jene Politiker, die sagen: Wir brauchen Europa nicht, wir brauchen die Union nicht, lasst uns nach Russland, China, in die Türkei schauen. Und es öffnet diesen Länern ein Tor, wirtschaftlich, politisch, militärisch Einfluss auszuüben. Und das ist eher destabilisierend für Europa."

"Pulverfass Balkan": Een Titel, deen een net mëssverstoe soll

Doduerch, datt d’Bäitrëttsverhandlunge mat de Länner vum Westbalkan net richteg vum Fléck kommen, mécht d’EU Diktature wéi Russland a China d’Dier op, fir sech an där Regioun ëmmer méi breet ze maachen. Op déi Gefor weist de Florian Bieber, e renomméierten Expert mat Lëtzebuerger Pass a sengem neie Buch "Pulverfass Balkan“ hin. Den Titel wëll hien awer net mëssverstan wëssen.

"Das Pulverfass ist ja nicht von innen, sondern von aussen gemacht. Ich benutze den Begriff, weil ich damit sagen will, dass es die Vernachlässigung der Region ist, die sie zu einem Pulverfass macht. Der Westbalkan ist kein natürliches Pulverfass. Die Menschen dort wollen zum grossen Teil in die Europäische Union, sie wollen in demokratischen Staaten leben. Zehntausende gehen jedes Jahr weg, gehen in EU-Staaten. Nicht nur weil es dort wirtschaftlich besser ist, sondern weil sie einfach nicht einen Arzt bestechen wollen um eine normale Behandlung zu bekommen, weil sie nicht gezwungen werden wollen einer Partei beizutreten um Lehrer zu werden. All diese Sachen bringen sie dazu, nach Österreich, Deutschland oder Luxemburg auszuwandern."

Dëst géing kloer weisen, datt net d'Länner d'Polverfaass u sech sinn, mee et ass "diese Lücke, die das Pulverfass erzeugt."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Politik a Gesellschaft