Radioen

On air

Mëttesrascht  |  White Lies - As I Try Not To Fall Apart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dr. med. Malou Blasen: Et gi verschidde Grënn, firwat d'Veterinären ëmmer méi dacks Affer vu Gewalt ginn

Vun Emotiounen iwwer Präisser

Dr. med. Malou Blasen: Et gi verschidde Grënn, firwat d'Veterinären ëmmer méi dacks Affer vu Gewalt ginn

An engem Communiqué huet d'Associatioun vun de Veterinären d'lescht Woch Alarm geschloen. Si géifen ëmmer méi dacks Affer vun Ugrëff ginn. Besonnesch déi verbal Attacken hätten zougeholl, mee awer och kierperlech Ugrëff géife si erliewen. D'Grënn dofir wieren divers.

auto_stories

2 min

headphones

12 min

Malou Blasen | © Jo Diseviscourt play_arrow
Malou Blasen (Foto: Jo Diseviscourt)

Lauschterenplay_arrow

Als Grënn firwat d'Leit méi séier rosen oder aggressiv ginn, nennt d'Veterinärin Malou Blasen op der enger Säit d'Emotioune bei de Leit, wann hiert Hausdéier an enger Noutsituatioun ass. Och d'Onzefriddenheet doriwwer, wéi séier een e Rendez-vous kritt, wier e Grond, firwat d'Déierendokteren attackéiert géife ginn. Dee wuel wichtegste Grond wieren iwwerdeems awer d'Präisser, erkläert d'Malou Blasen. 

"Déi sinn an d'Luucht gaangen, déi wäerten och leider weider an d'Luucht goen, einfach well mir och mëttlerweil méi eng héich qualifizéiert Medezin och an der Veterinärsmedezinn maachen. Ech mengen, mëttlerweil besëtzt all Praxis bal en eegent Analysgerät fir Bluttanalysen ze maachen, en Ultraschallgerät, e Rëntgegerät. Wéi ech ugefaangen hu viru fofzéng Joer, war dat nach net esou de Fall. All déi Saache wëlle finanzéiert ginn."

Dobäi géif kommen, datt d'Déierendokteren ëmmer méi Aarbecht hätten, deemno méi Leit missten astellen a méi Salairë misste bezuelen. D'Liewenskäschte wieren iwwerdeems am allgemengen e gutt Stéck an d'Luucht gaangen, och dat misst finanzéiert ginn, esou d'Malou Blasen.