Radioen

On air

Notturno  |  Ana Frango Elétrico - Electric Fish

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Paulette Lenert setzt keng rout Linnen

Chamberwalen 2023

D'Paulette Lenert setzt keng rout Linnen

D'Paulette Lenert huet am Moment keng Preferenz fir e Koalitiounspartner. D'LSAP hätt gutt mat deene Gréngen a mat der DP zesummegeschafft, si kéint sech awer och eng Zesummenaarbecht mat anere Parteie virstellen, sou d'LSAP-Spëtzekandidatin.

auto_stories

2 min

headphones

17 min

Paulette Lenert | © Chris Zeien play_arrow
D'Paulette Lenert hält sech all d'Koalitiouns-Optiounen op. (Foto: Chris Zeien)

D’Paulette Lenert betount, hir Partei wéilt keng inhaltlech rout Linne setzen iwwer déi d'LSAP a méigleche Koalitiounsverhandlungen net wéilt eraus goen.

"Also, déi déi mer hätte kënne setzen, déi stinn net méi zur Debatt: Den Index steet bei eis ausser Fro, mee dat ass jo Entretemps Mainstream bei alle Parteien. Da brauch ech déi net méi ze mentionéieren, well déi selbstverständlech ginn ass am Land fir all déi grouss Parteien. Wat jo gutt ass. A fir de Rescht wäerte mir kucken e Maximum eraus ze schloen, wéi jiddereen.”

Wichteg wier hirer Partei virun allem eng grouss Steierreform fir strukturell Ongerechtegkeeten ofzeschafen. An de leschte Jore wier an engem Kontext vu Poly-Krise kee Sputt do gewiescht fir dës Ongerechtegkeete schonn éischter unzegoen.

Sécher wier der LSAP-Spëtzekandidatin no awer, datt een an Zukunft vill Sue bräicht fir an d'Land ze investéieren an dofir kéint een net all d'Steierklassen entlaaschten, mee déi héich Revenue misste méi besteiert ginn. Gehälter bis eppes iwwer 11.000 Euro sollen awer steierlech entlaascht ginn. Och dës Akommensklasse missten hir Kafkraaft gestäerkt kréien, sou d'Paulette Lenert.

Ob d'Fro, mat wéi engem Koalitiounspartner esou eng Steierreform dann am beschten ëmzesetze wier, äntwert d'Paulette Lenert, datt een elo mol d'Wale soll ofwaarden.

D'LSAP wëllt d'Locatioun vu Wunnenge stäerken

Am Logement wier eent vun den Ziler, datt de Staat "e considerabele Poids" um Marché misst hunn. 20 bis 25 Prozent vun den abordabele Locatiounswunenge missten dofir a staatlecher Hand sinn. D'LSAP wéilt d'Locatioun och encouragéieren, dofir sollen d'Locatairen hire Loyer an Zukunft och kënne steierlech ofsetzen. D'Paulette Lenert wollt sech iwwerdeems net festleeën, ob d'Loyeren um private Marché no uewe solle begrenzt ginn. D'LSAP setzt sech zwar fir eng Reform vum Mietgesetz an, dat wier awer net hir wichtegst Propos.

De Premierposte wier iwwerdeems net hir Prioritéit, och wann et schéi wier wann d'LSAP fir déi éischte Kéier de Premierposte kéint kréien an en och fir déi éischte Kéier mat enger Fra kéint besetzen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Logement
Politik a Gesellschaft
Interview