Radioen

On air

De Weekend  |  Bodega - Cultural Consumer III

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Iranesche Film "Terrestrial Verses" ass beschte Film um Luxfilmfest

Luxembourg City Film Festival

Iranesche Film "Terrestrial Verses" ass beschte Film um Luxfilmfest

Dës Lëtzebuerger Co-Produktioun vum Duo Ali Asgari an Alireza Khatam huet nieft dem Grand Prix och d’Presse-Jury iwwerzeegt. De Präis fir de beschten Documentaire geet un den argentinesche Bäitrag “Reas” vun der Lola Arias.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Vesna Andonovic

Déi international Jury, ënnert der Presidence vum amerikanesche Cineast Ira Sachs, huet e politesche Film priméiert, deen een am Kontext vun der Repressioun am Iran wuel als couragéis muss aschätzen. 

D'Absurditéit vun der Muecht

Konsequent, effikass a mat einfache Mëttelen ëmgesat, bréngt “Terrestrial Verses” an enger Sammlung vu kuerzen Episoden d’Absurditéit vun der Muecht, sou wéi se sech am Iran op d’Individuen ausüübt, op de Punkt. Den Ali Asgari, ee vun den zwee Realisateuren, war wéinst senge Regime-kriteschen Usiichten och schonn am Prisong. 

Mentions spéciales fir "Toll", "Hoard" an "Hollywoodgate"

Zwou mention spéciallen huet d’Fiktiouns-Jury verginn: eng fir dem brasilianeschen Acteur Kauan Alvarenga seng Performance am Drama “Toll”, an eng fir déi brittesch Realisatrice Luna Carmoon, där hiren Debutfilm “Hoard” genee esou gutt de Grand Prix verdéngt hätt.  

Grad esou politesch couragéiert wéi den iranesche Gewënnerfilm ass dem Ägypter Ibrahim Nash’at säin Documentaire “Hollywoodgate”. Fir säi Portrait vum Taliban-Regime nom US-Réckzuch aus Afghanistan krut hien eng “mention spéciale” an der Documentaire-Kompetitioun. 

Haaptpräis fir Documentaire geet u "Reas"

Den Haaptpräis goung do awer un den argentinesche Bäitrag “Reas” iwwer e Grupp vu Fraen, déi hir Prisongserfarungen, no ofgesiessener Strof, a Form vu Musical nostellen. 

Déi aner Präisser um Luxfilmfest: 

  • FIPRESCI (Pressejury): "Terrestrial Verses" (Ali Asgari, Alireza Khatami) 
  • VR - Best immersive experience Award: “Noire, la vie méconnue de Claudette Colvin” (Stéphane Foenkinos, Pierre-Alain Giraud)
  • 2030 Award: “El Eco” (Tatiana Huezo)
  • Audience Award: “Gasoline Rainbow” (Bill an Turner Ross)
  • Youth Jury Prize: "5 Seasons of revolution" (Lina)
  •  School jury Award: "Scrapper" (Charlotte Regan)
  • Kids jury award: "The Horse of the lost on the cape" (Shinya Kawatsura)

Op der Präiszeremonie vum 14. Luxembourg City Film Festival gouf dann och de Viggo Mortensen fir seng Karriär geéiert. Den amerikanesch-däneschen Acteur a Cineast huet um Kierchbierg säin neien, zweete Film als Realisateur “The Dead don’t hurt” virgestallt. An deem Western deelt hien sech d’Affiche mat der Vicky Krieps.

Lauschterenplay_arrow

Kultur