Radioen

On air

De Weekend  |  Gossip - Real Power

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel: Demonstratioune fir d'Fräiloossung vun Hamas-Geiselen

Noen Osten

Israel: Demonstratioune fir d'Fräiloossung vun Hamas-Geiselen

Dausende Mënschen hu gëschter an e puer israeelesche Stied fir d‘Fräiloossung vun de Geiselen an der Gazasträif a géint d‘Regierung vum Premier Benjamin Netanjahu demonstréiert.

auto_stories

2 min

Dobäi koum et lokale Medien no zu Chaos a gewaltsamen Ausenanersetzunge vu Regierungsgéigner mat der Police. Zu Tel Aviv soll e Grupp vu Manifestante probéiert hunn eng Schnellstrooss ze besetzen. D‘Police huet Waasserwäerfer a Beamten zu Päerd agesat, fir d‘Demonstranten ze verdreiwen. 21 Persoune wiere festgeholl ginn, heescht et. Et hätt och Blesséierter ginn.

Den israeelesche Regierungschef Netanjahu dreift iwwerdeems seng Pläng weider, fir eng Militäroffensiv zu Rafah am Süde vun der Gazasträif, trotz den aktuelle Verhandlungen iwwert eng méiglech Wafferou. Hie géif haut säi Krichskabinett aberuffen, fir d‘Militäroperatioun geneemegen ze loossen, huet hien hënt op X matgedeelt. Dora wier och d‘Evakuéierung vun Ziviliste virgesinn. Zu Rafah wunne ronn 1,5 Millioune Palestinenser op enkstem Raum an ënner ganz schlechten humanitäre Konditiounen. Déi geplangten Offensiv gëtt dofir och international ganz staark kritiséiert.

Israelesch Arméi attackéiert weider Hamas-Ziler

Déi israeelesch Arméi ass och hënt weider géint déi islamistesch Hamas an der Gazasträif virgaangen. Ënner anerem wieren an der südlecher Stad Chan Junis eng Rei Kämpfer vun der Terrormiliz gefaange geholl ginn, huet d‘Militär matgedeelt. Si hätte sech ënner Ziviliste verstoppt, déi d‘Kampfgebitt hätte wëlle verloossen. Bei den Attacken am Küstegebitt sollen och nees vill Zivilisten ëm d‘Liewe komm sinn.

Netanjahu hält u Pläng fir Buedemoffensiv zu Rafah fest

Den israeelesche Regierungschef Netanjahu dreift iwwerdeems seng Pläng weider, fir eng Militäroffensiv zu Rafah am Süde vun der Gazasträif, trotz den aktuelle Verhandlungen iwwert eng méiglech Wafferou. Hie wëllt d‘Militäroperatioun haut vu sengem Krichskabinett geneemege loossen, huet hien hënt op X matgedeelt. Dora wier och d‘Evakuéierung vun Ziviliste virgesinn. Zu Rafah wunne ronn annerhallef Millioun Palestinenser op enkstem Raum an ënner ganz schlechten humanitäre Konditiounen. Déi geplangten Offensiv gëtt dofir och international ganz staark kritiséiert.