Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel bombardéiert Damaskus aus der Loft

Noen Osten

Israel bombardéiert Damaskus aus der Loft

Israel ass hënt zu Damaskus a Syrien intervenéiert. Aus der Loft gouf de Quartier vum Presidentepalais bombardéiert. Israel hat am Virfeld déi aktuell syresch Regierung menacéiert a gefuerdert, datt si déi reliéis Minoritéit vun den Druse misste schützen.

auto_stories

1 min

An de leschten Deeg koum et awer zu schwéier Gefechter tëschent Leit aus dëser Communautéit, regierungsnoe syresche Milizen a staatleche Sécherheetskräften. Et ware méi wéi 100 Leit dobäi ëm d'Liewe komm.