Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Disco Dans Ta Cave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel presentéiert Evakuatiounsplang fir Zivilisten an der Gazasträif

Noen Osten

Israel presentéiert Evakuatiounsplang fir Zivilisten an der Gazasträif

Déi israeelesch Arméi huet dem Krichskabinett en Evakuatiounsplang fir Zivilisten an der Gazasträif virgestallt, dat huet de Büro vum israeelesche Premier Benjamin Netanyahu mat gedeelt. Detailer goufen net genannt.

auto_stories

1 min

Schätzungsweis 1,5 Millioune Mënschen hale sech den Ament zu Rafah op | © picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Schätzungsweis 1,5 Millioune Mënschen hale sech den Ament zu Rafah op (Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)

D‘Annonce kënnt virun där erwaarter ëmstriddener Buedemoffensiv vun Israel an der Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif.

De Benjamin Netanyahu sot an engem Interview mam US Sender CBS: Hie wier zouversiichtlech, datt Israel bannent Wochen eng komplett Victoire géint d‘Hamas kéint annoncéieren, nodeems d‘Buedemoffensiv zu Rafah ugefaangen huet. 

Déi geplangte Buedemoffensiv gëtt international kritiséiert. Bal 1,5 Millioune Palestinenser halen sech der UNO no zu Rafah op, déi meescht vun hinnen si Leit, déi wéinst dem Krich aus aneren Deeler vun der Gazasträif op Rafah geflücht sinn.