Radioen

On air

Notturno  |  Pinegrove - Rings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Sorrente “Blasons d’histoires et trois contes” (Hydre Editions)

Literatur

Jean Sorrente “Blasons d’histoires et trois contes” (Hydre Editions)

Nieft dräi eeleren Texter, iwwer d'Flucht zu Fouss vun enger Famill aus dem Areler Land wärend der Ardennen-Offensiv an Hommagen un déi zwee Auteure Jean-Claude Pirotte an Edmund Dune, an engem klengen Extrait aus sengem Tagebuch (Neapel am Fréijoer 1991), liwwert de Jean Sorrente virun allem eng zesummenhängend Sammlung vun 53 Geschichtercher.

auto_stories

3 min

© Michel Delage
Foto: Michel Delage

E Wopen, an der adeleger Traditioun, symboliséiert grafesch eng individuell oder familiär Geschicht. Wéi Wopen a Prosaform sinn dem Jean Sorrente seng « Blasons d'histoires » ze verstoen. Op dacks net méi ewéi dräi oder véier Säite stellen déi eenzel Texter eng einfach a gläichzäiteg schwéier Fro: wat ass e Liewen? 

Wat ass e Liewen ?

Dat Weesentlecht kann een also op wéineg Sätz kondenséieren. Am Fong geholl ass e Liewe jo net vill, an dat Bewosstsinn deet een als Lieser erféieren. Op déi wichtegst Etappen an Evenementer reduzéiert, loossen sech aus den, wéi aus der Vulleperspektiv, beschriwwenen Existenze Léieren zéien - sou wéi bei de Moralisten aus der Antiquitéit.

Am Laf vum Recueil kann een eng thematesch Progressioun erkennen. E breetgefächerten éischten Deel beschäftegt sech mat der sexueller Loscht, mat Bezéiungsgeschichten, mam Doud. Méi spéit spëtzen sech d’Geschicht ronderëm de Glawen, also der Sich no Sënn, zou. Doropshi si mer am Beräich vun der Konscht, dat heescht bei enger Aktivitéit, déi dem Liewen e Sënn soll ginn. 

D’Sektioun “Blasons d’histoires” schléisst de Jean Sorrente of, souzesoen als Accomplissement vu sengem literaresche Projet, mat engem poeteschen Noruff un de François Faber, dem éischte Lëtzebuerger Gewënner vum Tour de France, dee wéineg Joren drop op franséischer Säit als Zaldot am Éischte Weltkrich leie bliwwe war.

D'Liewe relativéieren

De Jean Sorrente ënnersicht, wat d’Mënschen undreift. Hie stéisst dobäi manner op de Verstand ewéi op d’Loscht, op d’Leidenschaften. D’Konsequenze vum mënschlechen Handele kënnen déi kleng an harmlos Ironië vum Liewe sinn, oder awer Schicksalsschléi, fir déi een net kann; falsch Decisiounen, déi bestrooft ginn, oder awer moralesch verwerflecht Behuelen, dat um Enn och nach belount gëtt.

Wann sech aus deene kompiléierte Biografien eng grouss Lektioun erauskristalliséiert, dann ass et vläicht d’Iddi, datt een dat eegent Liewen nëmme bedéngt steiert a kontrolléiert. Déi Erkenntnis kann eis dozou verleeden, d’Liewen ze relativéieren, et net méi grad esou eescht ze huelen an d’Existenz mat enger gewëssener Liichtegkeet unzegoen. Et ass e bësse wéi an engem Woody Allen, klassesch kulturell Referenzen abegraff. 

A genee dat Gefill vu Liichtegkeet, kombinéiert mat enger allgemenger sproochlecher Eleganz, spiert een och iwwert der Lektür vun deene Kuerzgeschichten. D'Zilscheif vum Sorrente senger distanzéierter Form vun Humor si meeschtens d'Männer: vläicht well si, am Géigesaz zu de Fraen, sech am meeschten Illusioune maachen iwwer hir Muecht iwwer all méiglech Liewenssituatiounen.

Alterswierk

Dem Jean Sorrente seng “Blasons d’histoires” ënnerscheeden sech däitlech vu senge komplexen, villschichtege Romaner (“Le Vol de l’aube”, “La Guerre du temps”), an deenen hie versicht hat, e schwéiert familiäert Ierwen ze verschaffen, nämlech d’Schold, déi verschidde vu senge Virfaren duerch d’Kollaboratioun mat den Nazien op d’Famill gelueden hunn.

Amplaz sech ëmmer weider an dësen historesch-emotionale Verflechtungen a Reflexiounen ze verléieren, sech vun deem Sumpf erofzéien ze loossen, ass et also d’Befreiung no uewen. D’Striewen no Iwwersiicht, no Vereinfachung, déi grad esou wann net esouguer méi déif Asiichten erméiglechen. Eng Form vu Weisheet ass dat, wat een sech vun engem Alterswierk erwaart.