Radioen

On air

9 bis 1  |  Reuben James - Own Thing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jenny Hval - “Iris Silver Mist”

Album vun der Woch

Jenny Hval - “Iris Silver Mist”

Op hirem mëttlerweil néngten Album “Iris Silver Mist” léisst déi norwegesch Avant-Pop Kënschtlerin Jenny Hval Vergaangenheet mat Géigewaart, Realitéit mat Fantasie verschmëlzen. Eng jazzeg, poppeg Plack iwwer Nostalgie a Geréch, déi eemol méi d’Eenzegaartegkeet vun der Jenny Hval hirer Musek ënnersträicht. 

auto_stories

3 min

© Jenny Hval Bandcamp
(Foto: Jenny Hval Bandcamp)

Op de Virgängeralbumen huet sech d’Jenny Hval ënner anerem mat Blutt a weibleche Vampiren oder dem Konzept Léift ausernanergesat. “Iris Silver Mist” lo ass no engem Parfum benannt an a beschter Proust-Manéier sinn et hei Geréch, déi bei der Jenny Hval d’Erënnerungen u bestëmmte Liewensevenementer ausléisen.

Surrealistesch Dreem als Inspiratioun

Et geet hei ëm Hausdéieren aus der Kandheet an och den Damp vun der Mamm hirer Zigarett. Wéi och besonnesch um leschten Album “Classic Objects” vun 2022, erzielt d’Jenny Hval hei vun der Banalitéit vum Alldeeglechen, déi awer zu ganz déifgrënnegen an existenziellen, philosopheschen Iwwerleeunge féiert.

Wat d’Texter vun der Jenny Hval esou eenzegaarteg mécht, ass hir Manéier op Erlieftes ze blécken, et ze sezéieren an aus dësen episodesche Fatzen een neie Kontext ze erschafen. An der Single “To be a rose” zum Beispill evoquéiert d’Kënschtlerin den Zigarettendamp vun hirer Mamm an zitt hei Parallellen zu der Bün op där d’Kënschtlerin haut steet an eben och dacks vun Damp ëmginn ass. 

Géigewaart a Vergaangenheet, Realitéit a Fantasie verschmëlzen hei. D’Texter vun der Jenny Hval sinn dacks surrealistesch Dreem. Direkt am éischte Song vum Disk bezeechent si sech selwer och als “guardian of the in-between”.

Limitte ginn ausgereizt

“Iris Silver Mist” ass e Pop-Album, deen awer Spaass dorun huet seng eege Limitten auszereizen ouni awer ze vill aus der Rei ze danzen. Stéchwuert Danzen; Mam Track “The artist is absent” leet d’Jenny Hval hei e Song fir, deen zwar just 1:23 dauert, dofir awer mat uerdentlech Wumms dohierkënnt. Soss ass den Album gréisstendeels méi jazzeg an experimentell, wat een awer och scho vun de Virgänger kennt.

Och Ambient-Aflëss sinn um Album, deem seng 13 Songs richteg Klangkaskade sinn, iwwer déi d’Jenny Hval hire Falsetto leet. Änlech wéi beim Parfum, deen den Album jo inspiréiert huet, erënnert et bal schonn un Alchimie, wéi d’Jenny Hval hei ganz verschidden Essenzen opgräift an dës dann zu engem stëmmege Ganzen transforméiert.