Am 100,7-Interview huet den Wiktor Juschtschenko um Méindeg de Moien op d’Fro hin, ob fir sou e Fridden ukrainesch Territoiren u Russland missten ofgetruede ginn, dat heite geäntwert:
"Wann den UNO-Sécherheetsrot an d’Vereenten Natiounen, déi éischt Kraaft, déi all d’Länner vereent, de Russen erlaabt, sou Saachen ze maachen, dann ass dat, menger Meenung no, e kolossaalt Versoen hirersäits."
Wat si mer der Welt nach schëlleg, a wat hu mer nach net gemaach, fir dass dem Rescht vun der Welt kloer gëtt, datt d'internationaalt Recht op d’Ukrain soll applizéiert ginn, huet den Ex-President nach gefrot.