Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Cotton Jones - Gone The Bells

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Kanner op EU-Baussegrenzen aspären - e Verstouss géint Grondrechter?

Fräie Mikro

Kanner op EU-Baussegrenzen aspären - e Verstouss géint Grondrechter?

An engem rezenten Urteel vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter gouf Ungarn verurteelt, well do zwee mannerjäreg Asylsdemandeuren iwwer Wochen agespaart waren. Am selwechte Moment diskutéiert déi Europäesch Unioun iwwer eng Reform vun der Asylpolitik. Do ass virgesinn och Kanner un de Baussegrenze vun der Unioun hir Fräiheet ze huelen, wann hir Demande wéineg Aussicht op Erfolleg huet. E méigleche Verstouss géint Grond- a Kannerrechter, freet den Affekot a Mënscherechtsaktivist Frank Wies?

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Archiv

Dës Detentioun gouf elo den 22. Februar vum Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg als en onerlaabten Agrëff an d’Recht op d’Fräiheet vun deenen zwou jonke Persoune verurteelt. D’Geriicht erkennt zwar d’Recht vun engem Staat u fir Leit kënne wéinst Verstéiss géint Reegele vun der Immigratioun anzespären, dat awer ëmmer nëmmen am Aklang mat hire Grondrechter.

A besonnesch bei Mannerjärege leet de Geriichtshaff d’Lat héich fir eng Fräiheetsberaubung kënnen ze rechtfäerdegen. Hei soll eng Retentioun am beschte Fall ausgeschloss ginn, well de Schutz vum Kand a senge spezifesche Besoinen ëmmer viru sengem Status als irreguläre Migrant stoe misst. Dëst och well den Trauma vun enger méi oder manner laanger Retentioun noweislech bleiwend Schied bei Kanner kann hannerloossen.

Fir si trotzdeem dierfen anzespären, mussen déi staatlech Autoritéiten noweisen, datt keng manner drastesch Alternativen zur Verfügung stoungen. An och dann dierft hinnen hir Fräiheet just fir eng kuerz Zäit geholl ginn. An dat egal ob d’Kanner eleng ënnerwee sinn oder zesumme mat hirer Famill.

D'Retentioun vu Kanner gëtt zur Reegel

Dës Krittäre fir de Schutz vu Kannerrechter ze garantéiere stinn net onbedéngt uewen op der Agenda bei den aktuellen Diskussiounen iwwer eng nei EU-Politik vun der Migratioun an dem Asyl. Et ass ënner anerem geplangt un de Baussegrenzen all Persoun, déi sech do ouni Erlabnis fir anzereese presentéiert, siwen Deeg festzesetze fir hir Identitéit ze iwwerpréiwen an ze ënnersichen, aus wéi engem Land si ursprünglech kënnt. Vun dëser genereller Retentioun ass keen ausgeholl, weder Kanner, déi eleng reesen, nach déi mat hire Famillen. 

Stellt sech dann eraus, datt déi Betraffen aus engem Land stamen, wou wéineg Chancë bestinn, datt si internationale Schutz accordéiert kréien, da kéinte si weider festgehale gi fir weider Wochen a Méint. D’Iddi dohannert ass ze verhënneren, datt si sech enger zukünfteger Réckféierung an hiert Land kéinten entzéien.

D’Retentioun gëtt also net a leschter Instanz fir Kanner decidéiert, wa keng aner Alternative fonnt goufen, mee se gëtt zur Reegel. De Schutz vum Kand a senge spezifesche Besoine kritt den zweete Präis hanner dem Schutz vun de Baussegrenze vun der EU.

Den Europäesche Geriichtshaff kéint d'Decisioun erëm kippen

Dës Kriticke sinn net nei a munch Memberstaaten, dorënner och Lëtzebuerg, hate sech ouni Succès dofir agesat, datt Kanner vun dëse strenge Moossname sollten erausgeholl ginn. Si hunn den Text awer akzeptéiert, fir, esou houscht et, de fragille politesche Kompromëss net a Gefor ze bréngen. Hanner dem Schutz vun de Baussegrenzen an dem politesche Pragmatismus kréien d’Kannerrechter also just nach den drëtte Präis.

Et sief, et geschitt nach e Wonner, wäert de Mesurëpak am Abrëll vum EU-Parlament definitiv ugeholl ginn.

Et wäert sech da weisen, wat de Geriichtshaff vu Stroossbuerg dovunner hält. Wann hie senger aktueller Jurisprudenz trei bleift, misst en esou eng Politik eigentlech sanktionéieren.

Lauschterenplay_arrow