Radioen

On air

Thé Dansant  |  Gloria Barnes - Old Before My Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg verbitt Rassemblement zur Wafferou a Gaza

Comité pour une Paix Juste au Proche Orient

Kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg verbitt Rassemblement zur Wafferou a Gaza

De Comité pour une Paix Juste au Proche Orient weist sech enttäuscht mat der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg. Si hätt nämlech ee Rassemblement verbueden, deen de Comité d‘leschte Sonndeg virun der Kathedral wollt ofhalen.

auto_stories

1 min

© Wikimedia Commons
Foto: Wikimedia Commons

Et hätt sech ëm ee „Rassemblement silencieux“ gehandelt, ouni Kaméidi, mat just enger eenzeger Banderole, mam Message "Elo direkt eng Wafferou an der Gazasträif“. Dat um Dag vun der Oktav-Schlusspressessioun.

"D'Oktav net benotzen, fir Sloganen ze verbreeden" 

De Comité hätt de Generalvikar Patrick Muller doriwwer informéiert, mee hätt vun him an engem Mail eng Ofso kritt. De Generalvikar hätt do geschriwwen, „No Concertatioun mat de Responsabele vun der Oktav, an am Numm vum Äerzbëschof a Kardinol Hollerich, wiere si net d‘Accord mat enger Aktioun, déi d‘Oktav géif benotzen, fir iergendwellech Sloganen ze verbreeden.“

Chrëschtlech Valeuren? 

An hirem Communiqué weist de „Comité pour une Paix Juste au Proche Orient“ sech zu déifst enttäuscht doriwwer a freet sech, wéi déi Ofso par rapport zu de chrëschtleche Valeuren ze verstoe wier, am Kontext vun der humanitärer Katastroph an der Gazasträif.