Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Mercy Feat. Laurel Halo

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Keng Adress, keng Rechter

Fräie Mikro

Keng Adress, keng Rechter

Nieft dem allgemengen Zougang zur Gesondheetsversuergung misst och dat ganzt Joer iwwer eng einfach zougänglech Offer fir Iwwernuechtung bestoen. Gedanken dozou vun der Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin, ronderëm Froe vum Zesummeliewen.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Verschidden Organisatioune bidde wéchentlech medezinesch a sozial Permanencë fir Mënschen ouni Krankeversécherung an ouni finanziell Ressourcen. 60 Prozent sinn Europäer, vill liewen op der Strooss, hunn heiansdo kee gültegen Openthalt zu Lëtzebuerg. Et sinn awer och Mënschen déi, obwuel si schaffen, sech eng medezinesch Versuergung net leeschte kënnen.

Sozial Leeschtunge fir jiddereen?

Fir zu Lëtzebuerg e Bankkonto opzemaachen oder vun de soziale Leeschtunge kënnen ze profitéieren, brauch een eng Adress. Wann ee keng huet, kann een eng Adresse beim Office Social ufroen - awer nëmmen, wann een EU-Bierger ass a fënnef Joer hei gelieft a cotiséiert huet. Well obdachlos Mënschen dës Konditiounen dacks net erfëllen, kann ee si net sozial versécheren. An enger Testphas gouf d'Couverture universelle des soins de santé (CUSS) Enn 2021 ageféiert. Si bitt Mënschen ouni Sozialversécherung en Zougang zu gesondheetlecher Versuergung. Enn 2022 sollt dovunner eng Evaluatioun gemaach ginn. Am Koalitiounsaccord steet elo, datt prezis Krittäre mussen ausgeschafft ginn, fir eng detailléiert Evaluatioun vun dësem Pilotprojet ze maachen.

Schéin a gutt. Ass duerno eng legal Basis virgesinn? A Spuenien gouf déi universal Sozialversécherung 2018 nees ageféiert, well d'Autoritéite gemierkt hunn, wéi wichteg et ass, Randgruppe gesondheetlech ze erfaassen an d'Gesellschaft esou och viru Krankheeten ze schützen.

D'Iwwerliewen als Migrant

Ob wéinst Klimakris, Ënnerdréckung oder Aarmut, ëmmer méi Leit huelen déi schwéier Entscheedung, hirt Land ze verloossen a maache sech op d'Sich no bessere Liewensbedéngungen. Als Migrant an engem neie Land opgeholl ze ginn, ass haut generell iwwerall schwéier ginn, besonnesch wann ee keng Qualifikatioun huet. Dat zielt och fir Lëtzebuerg. D'Immigratiounsgesetz stellt vill Konditioune fir eng Openthaltsgeneemegung. Wann dës refuséiert gëtt, tauchen d'Leit léiwer ënner, well si op kee Fall zeréck an hiert Land wëlle geschéckt ginn. Si iwwerliewe mat Geleeënheetsaarbechten, ouni Sozialversécherung, ginn dacks récksiichtslos ausgebeut, fanne keng Wunneng a landen op der Strooss, wou d'Liewe knallhaart ass. Si schlofen a verloossenen Haiser oder dobaussen op engem Stéck Kartong.

Et gi Strukture fir den Hébergement d’urgence, mee dës bidden net genuch Plaz fir all déi Betraffen. E schwéiere Stand - och fir Sozialaarbechter an deem Beräich. Ëmmer méi Frae sinn an dëser Situatioun a fir si ass de Risiko nach méi grouss. E Liewe, dat ee kierperlech a mental mat der Zäit futti mécht. Wann Obdachloser bei Hëllefswierker uklappen, sinn si dacks um Enn.

D'Gefor vum Wanter

D'Wanteraktioun ass ugelaf an elo soll erëm jiddweree fir sech entscheeden, op en owes wëllt an engem Bett schlofen oder net. Et gëtt Leit, déi sinn esou hoffnungslos an der sozialer Exklusioun ukomm, datt si kategoresch refuséieren, an eng Noutënnerbréngung ze goen. Et muss net esou wäit kommen. Nieft dem allgemengen Zougang zur Gesondheetsversuergung misst och dat ganz Joer iwwer eng einfach zougänglech Offer fir Iwwernuechtung bestoen. De Wanter ass liewensbedreelech fir obdachlos Mënschen, mee de Summer ass net vill manner geféierlech, mat Hëtztwellen, Stierzreen oder mënschlecher Gewalt.

E besseren Austausch tëschent de Sozialaarbechter, déi Dag fir Dag um Terrain schaffen, an de Politiker, déi Léisunge musse sichen a beschléissen, kéint schonn zum bessere Versteesdemech a Mesurë vun der Problematik féieren. An domat och zu der néideger Akzeptanz an der Gesellschaft.

Lauschterenplay_arrow