Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Kinepolis Lëtzebuerg huet 2023 nees däitlech méi Visiteure gezielt

Kinoe um Kierchbierg, Lampertsbierg an um Belval

Kinepolis Lëtzebuerg huet 2023 nees däitlech méi Visiteure gezielt

An den dräi Kinoe vum Grupp Kinepolis goufen d’lescht Joer däitlech méi Visiteure gezielt wéi dat Joer virdrun. 2023 waren et 820.000 Visiteuren. Dat waren der 180.000 - oder bal 27 Prozent - méi wéi 2022.

auto_stories

1 min

Kinepolis Kierchbierg | © Ville de Luxembourg
Foto: Ville de Luxembourg

Dës Zuele fënnt een am Joresrapport vum Grupp, deen hei am Land Kinoen um Kierchbierg, um Lampertsbierg an um Belval huet.

Kinepolis bedreift 63 Kinoen an Europa. Dat an de Benelux-Länner, Frankräich, Spuenien, der Schwäiz a Polen.

De Grupp huet 2023 een Netto-Benefice vu ronn 56 Milliounen Euro gemaach. Dat war bal duebel sou vill wéi 2022.