Radioen

On air

Notturno  |  Asher White - Skate Park Anthem

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Klinik Sainte Marie zu Esch plënnert an d'Stad Lëtzebuerg

Santé

D'Klinik Sainte Marie zu Esch plënnert an d'Stad Lëtzebuerg

D’Klinik Sainte Marie wäert Enn dës Joers hir Servicer vun Esch an d’Zithaklinik an an d’Kierchbierger Spidol plënneren. Dat sot eis de Generaldirekter vun den Hopitaux Robert Schumann, den Dr. Marc Berna.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Cstock / Bigstock play_arrow

Et gi souwuel architektonesch ewéi och technesch Grënn fir an deem Gebai mat den zwee Tierm keng Klinik méi zu Esch ze behalen.

D'Patiente musse manner ronderëm gefouert ginn

Datt d’Gebai zu Esch net méi als richteg Klinik kéint funktionéiere war scho méi laang decidéiert ginn. Zanter 2013 gouf do net méi operéiert, mee d’Clinique huet sech mat der Altersfleeg befaasst. Elo goufe Léisunge fonnt fir déi Servicer, déi nach zu Esch sinn, an der Stad unzebidden. Do hätt een an direkter Proximitéit akut Servicer zur Verfügung, betount den Dr. Marc Berna, Generaldirekter vun den Hopitaux Robert Schumann.

"Bei der Zithaklinik hu mir awer ganz Klinicken nach ronderëm mat engem OP, mat enger Intensivstatioun, mat engem Labo, mat enger kompletter Radiologie. Mir kënnen Avisen do maachen, also mussen eis Patienten doduerch sécherlech vill manner duerch d'Géigend gefouert ginn."

Bis elo huet ee bei medezinesche Rendez-vousen zum Beispill d’Patiente misste mat der Ambulanz an d’Stad féieren. 

Wat geschitt mam Gebai zu Esch?

D’Unitéit cognitive et comportementale, déi sech ëm Demenzpatiente këmmert, gëtt um Site vum Kierchbierger Spidol installéiert. D’Rééducatioun gériatrique kënnt an d’Zithaklinik op d’Gare, esou den Dr. Marc Berna.

"D’Rééducation gériatrique, déi gëtt an deen neien Deel vun der aler Zithaklinik dann ënnerbruecht. Dat ass een Deel, deen zanter der Erëffnung vun deem neien Deel vun der Zithaklinik, dem sougenannten E-Bau, eigentlech eidel steet."

Wat mam Gebai zu Esch geschitt wier nach net festgeluecht. Et wéilt een awer eng Aktivitéit do behalen, déi ee Bezuch hätt mat der Gesondheet.

"Et kéint ee sech mat den Antennestrukturen, déi do entstinn, eppes virstellen. Dat wier éischter eng Spidolsaktivitéit. Et kann een och eppes maache mat de Studenten. Do wier een net méi an deem enke legale Kader dran. Et gouf bis elo awer nach keng Decisioun getraff."

Déi Aktivitéiten stéingen dann net a a Konkurrenz mam CHEM. Den Terrain zu Esch gehéiert nach de Congregatiounen. 

 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet