Mat véier Fraen an dräi Männer ginn d’Sozialdemokraten an déi néi däitsch Regierung. A wéi de Friedrich Merz, probéiert et och den SPD-Chef Lars Klingbeil mat enger gréisstendeels neier Ekipp u Leit. Vun den SPD-Ministeren aus der leschter Regierung bléift just een am Amt: de Verteidegungsminister Boris Pistorius, de beléiftste Politiker am Land.
Kee Posten fir d'Saskia Esken
De Lars Klingbeil selwer gëtt wéi erwaart Finanzminister a Vize-Kanzler. Fir seng Co-Parteicheffin Saskia Esken par contre bléift kee Ministeschposte iwwereg. Di fréier Bundestagspresidentin Bärbel Bas gëtt iwwerdeems Aarbechts- a Sozialministerin.
Déi rechtlech SPD-Ministerposte ginn u Politiker, déi Däitschland-wäit bis elo nach net esou bekannt sinn. Di nei Justizministerin heescht Stefanie Hubig a war zulescht Bildungsministerin a Rheinland-Pfalz. Ëmweltminister gëtt de Carsten Schneider, e Vertrieder vum konservative Flillek vun de Sozialdemokraten. A Ministerin fir d’Kooperatioun gëtt d’Reem Alabali-Radovan. Mat 35 Joer ass si dat jéngste Member vun der neier Regierung.
Zwee Ministeren aus der Grenzregioun
Bléift nach de Poste vun der Wunn- a Bauteministesch: dee geet un d’Verena Hubertz – vun Tréier. Domat sinn an der Regierung Merz direkt zwee Ministeren aus der däitsch-lëtzebuergescher Grenzregioun. De Verkéiersminister Patrick Schnieder vun der CDU vertrëtt de Walkrees Bitburg am Parlament.
Um Méindeg den Owend kritt de Bundeskanzler Olaf Scholz beim traditionellen Zapfenstreich offiziell Äddi gesot.
Um Dënschdeg de Moien ass dann d’Kanzlerwal am Bundestag. Wann de Friedrich Merz do déi neidesch Stëmme kritt, gëtt hien duerno vum Bundespresident Frank-Walter Steinmeier zum Kanzler ernannt.