Radioen

On air

Espresso Beats  |  Joan As Police Woman - The Silence

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik u rezenten Ännerungen an der Asylpolitik

Passerell

Kritik u rezenten Ännerungen an der Asylpolitik

D‘Asbl Passerell kritiséiert déi rezent Ännerungen an der Asylpolitik. D’Konsequenzen dovun hätte sech direkt bemierkbar gemaach. Zanter virgëschter hätte scho fënnef jonk Asyl-Demandeure bei der Associatioun ugeklappt, well si keen Ënnerdaach fonnt hunn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: ASBL Passerell

Déi fënnef jonk Männer wiere virdru bei der Direction de l’immigration passéiert an hätten do eng Demande d’Asyl deposéiert a wieren op déi rezent agefouert Waardelëscht komm, erkläert d’Marion Dubois, Directrice vu Passerell.

Keng Méiglechkeet déi Persounen ze kontaktéieren

Si wieren also offiziell zu Lëtzebuerg enregistréiert ginn, an et hätt een hinne matgedeelt, datt et aktuell keng Plaz an den Hebergementstrukture géif ginn, et géif ee si kontaktéieren, soubal e Bett fräi wier. Wéi genau déi Leit solle kontaktéiert ginn, ass dobäi net gewosst, betount d’Marion Dubois.

“On leur a demandé un numéro de téléphone et une Adresse mail. Sauf qu’il faut savoir que la plupart des gens arrive tout juste au Luxembourg, la plupart n’ont pas de téléphone, pas de numéro luxembourgeois, pas de connection internet.”

Si als Passerell hätten de Leit leider just en Zelt kéinte matginn an hinne roden, Recours anzeleeën. Wou déi Leit elo kéinten ënnerkommen, dat wéisst och Passerell net.

Verstéiss géint europäesch Direktiv

Datt se mat grousser Warscheinlechkeet op der Strooss landen, dat géif géint eng europäesch Direktiv verstoussen, mengt d’Marion Dubois. 

“La directive européenne relative concernant les demandeurs d’asile, oblige chaque état membre à fournir à chaque personne qui dépose officiellement une demande d’asile, ce que l’ont appelle l’accès au condition de materiel d’acceuil.”

Dat heescht am Kloertext: een Daach iwwert dem Kapp, Zougank zum Gesondheetssecteur, gratis juristesch Berodung an Informatioun, grad esou wéi Iessen. Dat misst fir all Persoun, déi eng Demande d’asile deposéiert huet, garantéiert sinn, esou d’Marion Dubois.

Passerell leet eventuell Recours géint nei Mesuren an

Den Ausseminister Jean Asselborn hat op senger Pressekonferenz betount, dass dat neit Lëtzebuerger Reglement just fir Leit gëllt, déi an der Dublin-Prozedur sinn.

Dat géif awer net der Realitéit entsprieche, mengt d’Marion Dubois, ënnert deene fënnef Männer déi bei hinne virun der Dier stoungen, wier och een drënner gewiescht, dee réischt zu Lëtzebuerg seng éischt Demande d’Asile deposéiert huet.

“C’est une violation directe de la directive d’accueil, qui oblige les états membres à fournir un hébergement à chaque Demandeur d’asile. Enfait les Directives Européennes ne font pas de distinction en amtière d’accueil entre demandeurs d’asile en procédure normale et en procédure Dublin.”

Et géif een driwwer nodenken, als Passerell och Recours géint déi nei Bestëmmungen anzeleeën, ënnersträicht  nach d’Directrice Marion Dubois.  

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit