Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ déi Lénk an ADR: Kritik um neie Migratiounspak a ganz verschidde Richtungen

EU-Migratiounspak

déi Lénk an ADR: Kritik um neie Migratiounspak a ganz verschidde Richtungen

De Migratiounspak, deen d‘Europaparlament e Mëttwoch gestëmmt huet, gëtt vill kommentéiert. Fir déi Lénk ass d‘Migratiounspolitik um Déifpunkt ukomm. Der ADR géif en net wäit genuch goen.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

D‘Migratiounspolitik wier um Déifpunkt ukomm, war d‘Analys vun déi Lénk an engem Communiqué. Mat dësem Pak géifen d‘Baussegrenze vun der EU hermetesch zougemaach gi fir Leit, déi viru Krich, Misär a Repressioun flüchten.

Domat géif d‘Recht op Asyl - ee Grondrecht, dat a wichtegen internationale Konventioune verankert ass - mat Féiss getrëppelt ginn. An domat wier elo d‘Auslännerfeindlechkeet salonsfäeg an den Institutioune vun der EU, esou déi Lénk.

ADR: Pak geet net wäit genuch

Kritik koum och vun der ADR, awer an eng aner Richtung. An engem Communiqué heescht et do, dee Migratiounspak géif net wäit genuch goen. E géif d‘Problemer och net léisen, déi nämlech vun iwwerfëllten Heemer, der Konkurrenz tëschent Flüchtlingen a Lëtzebuerger ëm Sozialwunnengen, dem iwwerfuerderte Schoulsystem, ze vill Sozialhëllef.

D‘ADR fuerdert, datt irregulär Migratioun op Lëtzebuerg an an d‘EU gestoppt gëtt. Aner Länner, wéi Australien, géife weisen, datt dat machbar ass.