Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ De Kulturministère gëtt siwe musikalesch Kompositiounen an Optrag

Mat insgesamt 65.000 euro dotéiert

De Kulturministère gëtt siwe musikalesch Kompositiounen an Optrag

De Kulturministère huet fir dës Saison siwe musikalesch Kompositioune bei Lëtzebuerger Komponisten oder Residenten an Optrag ginn. Dat huet de Ministère matgedeelt.

auto_stories

1 min

© Unsplash / Stefany Andrade
Foto: Unsplash / Stefany Andrade

26 Komponisten haten nom Appell vum 9. Juni hir Kandidatur erageschéckt fir fir een Ensembel oder Orchester e Stéck ze schreiwen. Déi hunn um Enn hire Favorit zeréck behalen, dorënner de Gast Waltzing fir de Luxembourg Philharmonic Orchester, d‘Catherine Kontz fir den Orchestre de Chambre de Luxembourg, oder nach de Marco Pütz fir d‘Militärmusik.

Déi siwe Commande vum Kulturministère sinn am Ganze mat 65.000 Euro dotéiert.