Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Joe Goddard & Fiorious - New World (Flow) (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Laetitia Sadier - Rooting for Love

Album vun der Woch

Laetitia Sadier - Rooting for Love

Op hirem mëttlerweil fënnefte Soloalbum “Rooting For Love” sëtzt Laetitia Sadier de Krise vun der Géigewaart ee Fonken Hoffnung entgéint. D’Frontfra vun der 90s Indieband Stereolab presentéiert een Disk, deen duerch jazzeg Melodien a Chouergesäng iwwerzeegt a bei aller Radikalitéit ni seng Lässegkeet verléiert.

auto_stories

2 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Bandcamp

“Rooting for Love” ass de mëttlerweil fënnefte Soloalbum vun der Laetitia Sadier, mee et kennt ee si och nach als Frontfra vun der 90s Avantpop respektiv Indierock Formatioun Stereolab, déi mat Songs ewéi “French Disko” oder “Percolator” ee ganz eegene Sound gepräägt an haut och absolut Kultstatus erreecht hunn.

Niewebäi huet d’Laetitia Sadier nach d’franséisch Post-Rock Band Monade gegrënnt an als Gaaschtsängerin bei Acts ewéi Blur, Deerhof, Mercury Rev oder Tyler the Creator matgewierkt. Also wierklech eng Kënschtlerin, déi iwwer déi lescht dräi Joerzéngten d’Indiewelt immens staark markéiert huet.

Rooting for Love ass elo de Retour als Solokënschtlerin. 2017 koum hire leschten Disk eraus, mee d’Laetitia Sadier kléngt ëmmer nach sou pertinent ewéi fréier. 

Fest u Léift gleewen

“Rooting for Love” - also fest un d’Léift gleewen a fir se antrieden - dat kléngt e wéineg no romanteschem Optimismus an et ass och op alle Fall een Album, deen Hoffnung spent an och optimistesch stëmmt. D’Musekerin setzt bei eisen haitege Krisen a Konflikter un, mee amplaz op stereotypesch Rebellioun ze setzen, stellt d’Laetitia Sadier vill méi d’Selfcare, also d’Léift zu sech selwer an de Fokus.

Net awer als narzisstesche Selbstoptiméierungsdrang mee als radikalen a subversiven Akt. Si ass zwar bekannt fir hir gesellschaftskritesch a politesch Texter, mee dës Kéier schwéngt eng gutt Portioun New Age Mentalitéit mat. Wien d’Welt verännere wëll,  muss fir d’éischt bei sech selwer ufänken, sou de Message, deen sech duerch den Album zitt.

En introspektiven Disk

“Rooting for Love” ass eng Aluedung, den eegenen Ego ofzeschalten a vill méi op d’Intuitioun ze vertrauen. Also insgesamt ee relativ introspektiven Disk, dee weist wéi douce Widderstand ka sinn. 

“Rooting for Love” ass ee richtegt Klanglabor an deem all méiglech Instrumenter a komesch Sounds matenee verschmëlzen, dorënner Vibraphone oder Zither an divers Synthesizer. Och vill Jazzelementer sinn erauszehéieren, virun allem gëtt den Disk vun enger konstanter Lässegkeet gedroen, déi schonn e Stéck wäit u Stereolab Stécker erënnert.

Mee och den New Age Afloss ass kloer erkennbar. Duerch de ganzen Album verstreet ass The Choir ze héieren, ee Chouer aus Männer- a Fraestëmmen, deen dem Disk e spirituellen Touch gëtt an och soueen ënnerschwellegt Mir-Gefill vermëttelt, wat eben den Zesummenhalt ausdréckt, deen “Rooting for Love” zelebréiert.

Lauschterenplay_arrow