Begleet gëtt d’Sängerin vun enger ganzer Ekipp: Mat dobäi sinn ënner anerem den “Head of Delegation”, e Choreograf, Dänzer, Vocal Coachen, a Membere vun enger Produktiounsfirma, déi sech ëm de Staging këmmeren.
Hanner der Laura Thorn leien intensiv Wochen a Méint, zënter datt si de “Luxembourg Song Contest” am Januar gewonnen huet.
"Et war wierklech net einfach, well ech jo parallel dann och nach geschafft hunn. An dës Woch war wierklech déi intensiivste Woch, well ech hu misse meng Examen den éischte Mee of ginn an da meng Coursen am Viraus scho preparéieren, well ech moies ëmmer Prouwen hat an da schaffe gaange sinn."
Tëschent de Prouwen a Preparatiounen huet d’Laura Thorn och nach weider Vollzäit als Solfège- a Gesangsproff am Conservatoire geschafft. Si géing sech awer op Basel freeën, well ee sech nëmmen nach op d’Sangen an d’Performance am Contest konzentréiere misst, seet d’Sängerin.
Eng gemeinsam Sprooch schafen
Dat franséischt Lidd, mat deem d’Laura Thorn Lëtzebuerg dann dëst Joer um Eurovision Song Contest vertriede wäert, gouf vun zwee Paräisser Produzente geschriwwen, a mécht eng Uspillung un d’Lidd “Poupée de cire, poupée de son”, mat deem d’France Gall 1965 fir Lëtzebuerg den ESC gewonnen huet.
Dat neit Lidd wier awer och bewosst fir een internationaalt Publikum geschriwwe ginn.
"Et soll een net vergiessen, dass d'Eurovisioun een internationale Concours ass, dofir och déi franséisch Sprooch, déi wierklech e bësse jiddereen uschwätzt an déi och eigentlech vill vun de Länner verstinn, déi do matmaachen, wann och net all."
Op der Bün muss d’Performance sëtzen
Och wier d’Kierpersprooch bei der Performance wichteg, fir de Sënn an d’Gefiller vum Text un d’Spectateuren eriwwer ze bréngen. Et wier een ni genuch virbereet fir d’Eurovisioun, mengt den Eric Lehmann, Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun, kuerz virum Depart. Dowéinst géing och all Dag geprouft ginn zu Basel, an dat an engem Sall, deen extra dofir gelount ginn ass.
An de leschte Wochen ass och vill um kollektive Kreativprozess geschafft ginn, erkläert den Eric Lehmann. Sou gëtt beispillsweis mat der ganzer Ekipp zesumme gekuckt, wéi d’Choreografie a verschiddene Luuchte- a Kamerawénkel ausgesäit.
De 15. Mee trëtt d’Laura Thorn an der Halleffinall op, wou dann entscheet gëtt, ob Lëtzebuerg och dëst Joer an der grousser Finall, de 17. Mee, vertruede si wäert.