Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Beirut - Santa Fe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lescht Mass fir d'Kardineel, ier et am Nomëtteg an de Konklav geet

16 Deeg nom Doud vum Poopst François

Lescht Mass fir d'Kardineel, ier et am Nomëtteg an de Konklav geet

Déi lescht Mass virum Konklav ass vum 91 Joer ale Kardinolsdekan Giovanni Battista Re gehale ginn. Hien ass spéiderhin net méi dobäi, wa sech déi walberechtegt Kardineel, déi ënner 80 Joer al musse sinn, an déi sixtinesch Kapell zeréckzéien an domat de Konklav ufänkt.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Oliver Weiken
(Foto: picture alliance/dpa | Oliver Weiken)

E Mëttwoch um 14:30 ginn déi 133 walberechtegt Kardineel an engem Cortège an déi sixtinesch Kapell fir de Konklav. Hei leet all Kardinol eenzel den Eed of, sech un d’Virschrëften ze halen a sech net op Amëschung vu baussen anzeloossen. Fir déi Kardineel heescht dat bis zu Entscheedung: Keen Handy, keen Internet, keng Noriichten.

Dauer vum Konklav ongewëss

D’Walversammlung gëtt geleet vum ranghéchste Kardinol Pietro Parolin. De 70 Joer ale Kardinolsstaatssekretär zielt och als ee vun de Favoritten. Haut um éischten Dag vum Konklave gëtt et nëmmen ee Walgang, bei deem een op den Damp ka waarden. Schwaarzen Damp heescht et gëtt weider gewielt, wäissen Damp heescht et gouf en neie Poopst fonnt. Wéi laang de Konklave wäert daueren ass oppen.

Fir eng Entscheedung ass eng Zwee-Drëttel-Majoritéit, also 89 Stëmmen, néideg. An de leschte Joerzéngten hat de Konklav ronn 2 bis 3 Deeg gedauert.

Rekordzuel u Kardineel beim Konklav

Vu muer Donneschdeg u ginn et maximal véier Votte pro Dag. Damp ass muer am Dag no 10:30 an no 12 Auer méiglech. Och owes no 17:30 an no 19:00 Auer.

Hebergéiert sinn d’Kardineel wärend dem Konklav traditionell an der Casa Santa Marta, dem Gästehaus vum Vatikan. Well déi awer net grouss genuch ass fir déi 133 walberechtegt Kardineel, ass een Deel an engem méi alen Ubau ënnerbruecht. 

Nach ni goufen et esou vill Kardineel bei der Wal, wéi dës Kéier.