Radioen

On air

Notturno  |  Hania Rani - Hello

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Freed an Opreegung zu Malmö

Eurovision Song Contest

Freed an Opreegung zu Malmö

D‘Tali huet en Ticket fir an d‘Finall vum Eurovision Song Contest zu Malmö. Éier d‘Sängerin als allerlescht Finalistin annoncéiert gouf, hätt si bal net méi dru gegleeft. E Gespréich mam Delegatiounschef Eric Lehmann an der 100,7-Journalistin Sophie Schroeder iwwer d'Halleffinall.

auto_stories

3 min

headphones

21 min

play_arrow
Foto: Sophie Schroeder

D‘Freed war also entspriechend grouss bei der Annonce. Den Eric Lehmann erzielt awer, datt hien nach viru puer Wochen déi schweedesch Produzente getraff hat a si gefrot huet, net als lescht annoncéiert ze ginn, wann d‘Tali et an d‘Finall géing packen. „Do hu se eis also villäicht e klenge Witz gespillt.“, esou de Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun.

Dobäi wier d‘Annonce awer ganz vum Zoufall bestëmmt ginn a géif och zum Beispill net vun der Punktzuel ofhänken. Déi gëtt een iwwregens och réicht no der Finall gewuer.

D'Tali an den Eric Lehmann op der Pressekonferenz no der Halleffinal | © Sarah Louise Benett / EBU
D'Tali an den Eric Lehmann op der Pressekonferenz no der Halleffinal (Foto: Sarah Louise Benett / EBU)

Déi schweedesch Tëlee huet dat lescht Wuert

Eng 25 Leit sinn Deel vun der Delegatioun. Eis 100,7 Journalistin Sophie Schroeder begleet si dës Woch zu Malmö. D‘Show vum Tali huet d‘Sophie Schroeder also scho puer Mol gesinn an erzielt, datt d‘Andréck ganz verschidde sinn, jee nodeem ob ee se um Ecran, an der Prouf oder ebe Live an der Arena gesäit.

Fir d‘Spezialeffekter vum Tali hirer Show huet d‘Delegatioun vill misse kämpfen, erzielt den Eric Lehmann. D‘Iddie kommen nämlech scho vun de Produktiounsteams selwer, mee trotzdeem huet déi schweedesch Tëlee hei dat leschte Wuert.

Wärend der Show hätt et och puer Problemer ginn, déi awer un der Produktioun geleeën hätten, an net un der Performance, esou den Eric Lehmann.

A wee gewënnt?

Wat d‘Prognosen ugeet fir d‘Finall, sou rechnen den Eric Lehmann an d‘Sophie Schroeder domat, datt d‘Schwäiz oder Kroatien gewannen a Lëtzebuerg an engem gudde Mëttelfeld lant.

Dobäi orientéiere si sech och bëssen un de Prognose vun de Wettbüroen. Déi kënne sech awer och mol ieren an et soll een hinnen och net ze vill Vertraue schenken, betount den Eric Lehmann.

Lauschterenplay_arrow