Radioen

On air

Thé Dansant  |  Fleetwood Mac - Black Magic Woman

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg ass géint Cyberattacken "definitiv gutt opgestallt"

Digitaliséierungskommissioun

Lëtzebuerg ass géint Cyberattacken "definitiv gutt opgestallt"

Et hätt ee bis ewell sämtlech Cyberattacken op staatlech Sitten an Déngschter kënnen ofwieren. Esou d’Conclusioun vun der zoustänneger Chamberkommissioun um Dënschdegmëtteg. D’Deputéiert sinn do gewuer ginn, wéi vill Ugrëff zënter zejoert op staatlech Websäiten an Déngschter versicht gi sinn.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

© Adobe Stock play_arrow
(Foto: Adobe Stock)

Dee genaue Chiffer dierft net mat der Ëffentlechkeet gedeelt ginn, well en am huis clos ausgeschwat ginn ass. D’Vizepresidentin vun der Digitaliséierungskommissioun, d'Françoise Kemp vun der CSV, seet sech awer zefridde mat deem, wat d’Deputéiert presentéiert kruten.

“Ech mengen, et ass wichteg och ze soen, datt Cyberattacke leider ëmmer méi op der Welt all Dag ginn, datt mir net méi betraff si wéi aner Leit, datt leider reegelméisseg esou Attacke stattfannen, an datt mir definitiv et hikréien, se ofzewieren, a gutt opgestallt sinn.”

Lauschterenplay_arrow