Radioen

On air

Espresso Beats  |  Brainstory - Peach Optimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Lëtzebuerg beim ESC: Wat bedeit dësen Neiufank?

Eurovision Song Contest

Lëtzebuerg beim ESC: Wat bedeit dësen Neiufank?

Wou an der Finall zu Liverpool d’lescht Joer annoncéiert gouf, datt Lëtzebuerg nees an den Eurovison Song Contest eraklëmmt war d’Freed am Publikum immens grouss. Dat weist, wéi grouss de Support vun der ESC-Communautéit fir de Grand-Duché ass, ënnersträicht den Thierry Mersch.

auto_stories

2 min

headphones

21 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Den den ESC-Spezialist Thierry Mersch gesäit de Wee an d’Finall fir Lëtzebuerg als sécher. Hie selwer verfollegt  den ESC zanter 1983 passionéiert mat an huet iwwer déi Joren ëmmer rëm e grousse Support fir Lëtzebuerg, empfonnt.

Kaum lëtzebuergesch Produktiounen

No 31 Joer ass Lëtzebuerg also beim ESC rëm dobäi. Dat ass natierlech eng grouss Reklamm fir d’Land. Bei den aacht Lidder déi muer an der Rockhal presentéiert ginn, huet de Museker awer gemëschte Gefiller.

 “Fir d’éischt hunn ech mer geduecht: wow, wat huet deen oder dat do e schéine Song produzéiert. Do sinn ech awer bëssen hannendru kucke gaangen an du hunn ech geduecht: dat si jo guer keng Lëtzebuerger, déi déi Lidder geschriwwen hunn.”

Bis op eng Ausnam, sinn d'Lidder alleguer vun auslännesche Komponiste geschriwwe ginn. De "Lëtzebuerger Touch" wier doduerch verluer gaangen. Falls Lëtzebuerg géif gewannen, géif de Präis an deem Fall och net u Lëtzebuerg goen, mee un déi Komponisten, bedauert den Thierry Mersch.

D’Virfreed op d’Participatioun vu Lëtzebuerg ass trotzdeem grouss. Am Ausland villäicht souguer nach méi, ewéi hei zu Lëtzebuerg.

Lauschtert déi ganz Emissiounplay_arrow

 

Kultur
Musek
Rock a Pop
Politik a Gesellschaft
Interview