Radioen

On air

Concert  |  Tscheschesch Mythen a Landschaften

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg soll nach dëst Joer dem Global Green Growth Institute bäitrieden

Visitt vum Ban Ki-moon

Lëtzebuerg soll nach dëst Joer dem Global Green Growth Institute bäitrieden

Lëtzebuerg soll nach dëst Joer den 51. Memberstaat vum Global Green Growth Institute (GGGI) ginn. Dat gouf gëschter um Dënschdeg bei enger Zeremonie am Musée MUDAM um Kierchbierg gefeiert. Mat dobäi war de President vun dëser internationaler Organisatioun, dee fréieren UN-Generalsekretär Ban Ki-moon. De Global Green Growth Institute gouf gegrënnt, fir grénge Wuesstem ze fërderen. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

De Minister Gilles Roth mam Ban Ki-moon. | © SIP / Emmanuel Claude play_arrow
De Minister Gilles Roth mam Ban Ki-moon. (Foto: SIP / Emmanuel Claude)

De President vum Institut mat Sëtz zu Seoul a Südkorea huet vun engem "historeschen Dag" geschwat, wat d'Memberschaft vu Lëtzebuerg ugeet. Bei den Theeme Klima an Nohaltegkeet wier Lëtzebuerg ee "Modellland", esou de Ban Ki-moon am 100,7-Interview.

"Dofir sinn ech extreem honoréiert a frou ze gesinn, datt Lëtzebuerg dem Global Green Growth Institute als 51. Memberstaat bäigetrueden ass."

CSV-Ministere sinn iwwerzeegt

Dës Memberschaft, déi eréischt no der Ratifizéierung duerch d'Chamber aktiv gëtt, géif fir Lëtzebuerg ganz vill bedeiten, seet de Finanzminister Gilles Roth.

"Datt et och fir déi Lëtzebuerger Finanzplaz wichteg ass, do aktiv ze sinn, datt mir Solidaritéit weise mat deene Länner, déi an der Entwécklung sinn. A mir kréien och do vill (...) return on invest, dat heescht, Suen zeréck op Lëtzebuerg, fir eis Finanzplaz."

D'Memberschaft vu Lëtzebuerg am Ban Ki-moon sengem Institut wier fir de Grand-Duché ganz wichteg, esou och den Ëmweltminister Serge Wilmes.

"Well de GGGI, wat eng weltwäit Organisatioun ass, déi hëlleft fir wierklech konkreet an deene schwächste Länner op der Welt, déi haut scho vum Klimawandel betraff sinn, Projeten ëmzesetzen, datt déi och kënnen hir ekologesch Transitioun maachen, (...) fir déi kënnen ze finanzéieren."

Entrevuë mam Grand-Duc a mam Premier

De President vum Institut, bei deem Lëtzebuerg wäert Member ginn, de Ban Ki-moon, ass fir een Aarbechtsbesuch vun zwee Deeg hei am Land. Säi Message gëschter am MUDAM war däitlech.

"Loosst eis zesummeschaffen an eng besser a méi nohalteg Welt fir déi nächst Generatioune schafen." 

De Ban Ki-moon hat gëschter och ee Gespréich mam Grand-Duc. Haut um Mëttwoch huet de Südkoreaner eng Entrevue mam Premier Luc Frieden an hien ass bei der Ouverture vun de Kooperatiouns-Assisen 2025 mat dobäi.

Hie war vun 2007 bis 2016 UN-Generalsekretär a vun 2004 bis 2006 südkoreaneschen Ausseminister.

Lauschterenplay_arrow