Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore

play_arrow Live
search

/ Lëtzebuerg léisst Kooperatiounsprogrammer mam Niger, Mali a mat Burkina Faso auslafen

Revirement

Lëtzebuerg léisst Kooperatiounsprogrammer mam Niger, Mali a mat Burkina Faso auslafen

De Xavier Bettel wëll déi bilateral Relatiounen mam Niger, mam Mali a mam Burkina Faso auslafe loossen. Dat huet den Aussen- a Kooperatiounsminister gëschter op senger Aarbechtsvisitt am Laos annoncéiert, engem vun de Partnerlänner vu Lëtzebuerg. De Xavier Bettel begrënnt seng Decisioun mat gréissere Sécherheetsproblemer an den dräi westafrikanesche Länner. Vu Vang Vieng, d’Sophie Schroeder.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Sven Clement, Gusty Graas a Yavier Bettel am Laos | © Sophie Schroeder play_arrow
Foto: Sophie Schroeder

D’Putschisten an den dräi Sahel-Länner géife sech ëmmer méi wäit vun enger Zesummenarbecht fortbeweegen, sou de Kooperatiounsminister Xavier Bettel. Ee Beispill wier, datt déi nei Militärregierung am Niger eréischt d’lescht Woch ugekënnegt hätt, aus der CEAO - der westafrikanescher Wirtschaftsgemeinschaft austrieden ze wëllen.

“Fir mech ass ee Partenariat ganz schwéier mat engem deen d’Muecht op eng Aart a Weis geholl huet, mat deem ech net ënnerschriwwen hunn. Ech hu mat Länner ënnerschriwwen, wou een Engagement komm ass fir awer an eng demokratesch Richtung ze goen an net mat Länner wou et an déi falsch Richtung geet.“

Lëtzebuerg hat deelweis scho laang Relatioune mat dëse Länner

Wann déi politesch Situatioun sech awer verbessere géif, da kéint een erëm iwwer nei Accorden diskutéieren, sou nach de Xavier Bettel.

Mat allen dräi Länner huet Lëtzebuerg schonn zanter iwwer 20 Joer bilateral Relatiounen. De Kooperatiounsplang mam Mali gesäit iwwer 55 Milliounen Euro fir, dee mam Niger iwwer 144 Milliounen Euro a beim Burkina Faso sinn et 148 Milliounen Euro, déi Lëtzebuerg fir d’Entwécklungszesummenaarbescht virgesinn huet. Dës Programmer lafen aktuell nach, an et wéilt ee se net direkt stoppen, sou nach de Kooperatiounsminister.

“Mir hunn nach verschidde Programmer, déi nach daueren. Mir hu Programmer mam Mali, mam Niger am mam Burkina, déi nach zwee bis dräi Joer daueren. Wat mir engagéiert hunn behale mir. Ech fannen einfach et kann een net d’Populatioun bestrofen. Mee mir wäerte keng neier maachen.”

All Kontrakter op EU- an NATO-Niveau wéilt een awer weider bäibehalen.

Lëtzebuerg sicht elo nei Partnerlänner

De Ministère wier iwwerdeems op der Sich no weidere Partnerlänner, huet de Xavier Bettel nach hei op Visitt am Laos confirméiert, ouni awer potenziell Kandidaten ze nennen.

Déi Lëtzebuergesch Regierung investéiert ee Prozent vum PIB an d’Entwécklungshëllef a gehéiert domat zu de fënnef gréissten Donateure vun den OECD-Länner.

Lauschterenplay_arrow