Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Disco Dans Ta Cave

play_arrow Live
search

/ Lëtzebuerger Koproduktioun gewënnt Grand Prix um Filmfestival zu Cannes

"All we imagine as Light"

Lëtzebuerger Koproduktioun gewënnt Grand Prix um Filmfestival zu Cannes

Déi Lëtzebuerger Koproduktioun “All we imagine as Light” huet de “Grand Prix” um 77. Filmfestival gëschter zu Cannes gewonnen. Nieft der berüümter Palme d’Or, gëllt de “Grand Prix” als zweet-héchst Auszeechnung op dësem Filmfestival.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
D'Schauspillerinnen an d'Produzentin vum Film "All we imagined as Light" (Foto: picture alliance / ipa-agency | Alberto Terenghi / ipa-agency.ne)

D’Freed war grouss, wéi de “Grand Prix” un déi Lëtzebuerger Koproduktioun goung. De Film vun der indescher Realisatrice Payal Kapadia gouf vun der Déifferdenger Firma „Les Filmes Fauves“, zesumme mat Frankräich, Holland, an Indie koproduzéiert a gouf vum Lëtzebuerger Filmfong finanziell ënnerstëtzt. 

Eric Thill: "Les Filmes Fauves" kritt endlech de Meritt de se verdéngt huet

De Sozialdrama “All we imagine as light” erzielt d’Geschicht vun zwou Infirmièren an zeechent gläichzäiteg ee Portrait vun der Milliounestad Mumbai.

Schonn zejoert war d’Produktiounsfirma “Les Filmes Fauves” mat “Los Delincuetes” zu Cannes an der Sektioun “Un certain Regard” vertrueden. De Kulturminister Eric Thill betount dofir an engem Communiqué, d’Firma hätt endlech de Meritt kritt, dee si verdéngt hätt.

13. Grand Prix fir eng Lëtzebuerger Koproduktioun

Mam Grand Prix gouf lo schonn déi 13. Lëtzebuerger Koproduktioun um Filmfestival zu Cannes ausgezeechent. Ganzer 46 mol goufe Filmer, déi a Lëtzebuerger Zesummenaarbecht entstane sinn, fir de renomméierte Festival nominéiert.

De Fransous Jacques Audiard krut gëschter de “Prix du Jury” fir säi Musical “Emilia Perez”. De “Prix d’interprétation féminine” deele sech dëst Joer véier Fraen: Ee goung un d’Schauspillerinne Karla Sofía Gascón, Zoe Saldana, Selena Gomez an Adriana Paz fir hir Rollen och am Film “Emilia Pérez”. 

Mam “Prix d’interprétation masculine” gouf de Jesse Plemons fir seng Roll an “Kinds of Kindness” vum Realisateur Giorgos Lanthimos ausgezeechent. De Miguel Gomes huet fir de Film “Grand Tour” de Präis fir déi bescht Regie gewonnen. Fir dat bescht Dréibuch gouf d’Coralie Fargeat mam Film “The Substance” ausgezeechent.

Palme d'Or fir "Anora" vum Sean Baker

Als lescht gouf dann déi berüümte Palme d’Or annoncéiert. Si goung un de Film “Anora” vum US-amerikanesche Regisseur Sean Baker. En erzielt d’Geschicht vun enger turbulenter Relatioun tëschent enger Prostituéiert an dem Jong vun engem russeschen Oligarch.

Ee spezielle Präis vun der Jury krut iwwerdeems de Regisseur Mohammad Rassulof, dee viru kuerzem aus dem Iran geflücht ass, fir säi Film “The Seed of the Sacred Fig”. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit