Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Flüchtlingsrot: Honnerte vu Leit riskéieren op der Strooss ze landen

Asylpolitik

Lëtzebuerger Flüchtlingsrot: Honnerte vu Leit riskéieren op der Strooss ze landen

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot fäert, datt wéinst der neier Accueil-Politik hei am Land, an den nächste Wochen Honnerte Persounen op der Strooss landen. Dat riskéiert zu grave Problemer fir dës Leit, an zu méi Prekaritéit ze féieren, huet d’Plattform haut gewarnt.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Dat eenzegt wat ONGen den Ament maache kënnen, ass de Leit Zelter zur Verfügung stellen, an deene se da wei hei um Bild ënnert der Bréck schlofen. (Foto: Lëtzebuerger Flüchtlingsrot)

 De Flüchtlingsrot verlaangt een Dialog tëschent Staat, Gemengen an der Zivilgesellschaft, erkläert de Sergio Ferreira. An dëser “Crise de l’accueil” missten all d’Acteuren sech zesumme setzen, fir eng Léisung ze fannen.

“Mir sinn als Société civile bereet fir deen do Dialog mat ze maachen, mee et muss och agéiert ginn. Mir sinn der Meenung, datt elo muss relativ séier, Noutfall-Solutioune fonnt ginn, fir datt mir eis Capacitéite kënnen erop setzen.”

Lauschterenplay_arrow

D’Vertrieder vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot hu gefrot, fir vum Aarbechtsgrupp “Accueil et migration” bei de Koalitiounsverhandlungen empfaangen ze ginn. Dat wier bis elo net geschitt, huet et op Nofro hi geheescht.

Zanter dem virleschte Méindeg kréien erwuesse männlech Flüchtlingen, déi an engem aneren EU-Land Asyl ugefrot hunn, an déi eleng op Lëtzebuerg kommen, net méi automatesch eng Plaz an enger Struktur, mee kommen op eng Waardelëscht. Dës Politik vum Refus soll suspendéiert ginn, fuerdert den LFR a schwätzt vun engen Echec vun der Politik.

 

Aktualitéit