Radioen

On air

De Weekend  |  D'Peace-Zeechen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Letzte Generation" stéiert de Betrib um Flughafe München

Ëmweltaktivisten

"Letzte Generation" stéiert de Betrib um Flughafe München

Zu München hu Klimaschutzaktivisten de Samschdeg Moien de Betrib um Flughafe gestoppt. Si wieren op d‘Fuerbunne vun de Fligeren agedrongen an hätte sech do festgepecht, huet e Spriecher vum Flughafe matgedeelt.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Karl-Josef Hildenbrand

An enger éischter Phas hunn alleguer d‘Flich missten ofgesot ginn. Membere vun der sougenannter Letzten Generation haten eegener Ausso no geplangt, op d‘mannst eng vun den zwou Start- a Landebunnen ze blockéieren, fir de Reesverkéier am Ufank vun der Päischtvakanz ze stéieren.